Sie sind hier

Eis jéngsten DP-Deputéiert, Carole Hartmann: Bei eis doheem ass ëmmer iwwer Politik geschwat ginn!

News Carole Hartmann

Carole Hartmann, wéi si dir an d’Politik komm? A firwat d’DP?

Ech kommen aus enger DP-Famill. Mäi Papp war bal 25 Joer als DP-Politiker op lokalem Niveau (zu Iechternach) an op regionalem Niveau aktiv (am DP-Regional an an der Equipe vun der DP-Osten bei de Chamberwahlen). Bei eis doheem ass also schonn ëmmer politesch diskutéiert ginn.

Wéi vill DP-Politiker hunn ech bei der Jeunesse ugefaangen. 2008 war ech en Deel vun där Equipe, déi di lokal JDL-Sektioun vun Iechternach relancéiert huet.

2013 huet de Xavier Bettel mech gefrot, fir mat an d’Landeswahlen ze goen. Ech hat mer deemools e bësel Zäit gelooss, mä ech si frou, dass ech schonn als ganz jonk Kandidatin am Osten dobäi war. D’Resultat vun der Equipe an och mäi perséinlecht Resultat waren immens positiv an d’Sprangbriet fir déi Mandater, déi ech haut op nationalem an op kommunalem Niveau hunn.

Op wéi eng Theme wëll der iech als Deputéiert konzentréieren?

Als Affekotin wäert ech ganz aktiv an der Commission juridique matschaffen.

Als Sportlerin freeën ech mech och, d’Opwäertung ze verfollegen an unzestoussen, déi dem Sport mat der aktueller Regierung soll zeguttkommen.

Als jonk Deputéiert gesinn ech mech awer och als Vertriederin vun de Jonken a wëll mech virun allem mat den Theme ronderëm d’Formatioun, d’Weiderbildung an de Start an d’Beruffsliewe beschäftegen.

Als Eechternoacher Meedchen an Ost-Deputéiert wäert mer, enfin, meng Stad a meng Regioun um Häerz leien.

Wéi hu der är éischt Chamberssëtzung erlieft?

Ganz emotional. Et war en Dag, un deen ech mech ëmmer wäert erënneren.

Wat bedeit d’Mandat als Deputéierte fir äert Privatliewen a fir är berufflech (a sportlech) Carrière?

Ech war schonn ëmmer e ganz aktive Mënsch a wëll mäi Mandat esou gutt ewéi méiglech mat mengem Privat- a Beruffsliewen verbannen. Duerch mäi Mandat an der Chamber wäert ech mäi Beruff an de Sport awer e bëssen zeréckschrauwen. Ech wëll awer net ophale mat menger Aarbecht. Dofir sinn ech nach ze jonk a schaffen och ze gären als Affekotin.

Als Ost-Deputéiert freeën ech mech, fir nach méi a menger Regioun, dem Osten, ënnerwee ze sinn, fir esou vill ewéi méiglech direkte Kontakt mat de Bierger ze hunn.