Sie sind hier

Wocheréckbléck

News Marc Ruppert

Eng spannend politesch Woch geet op en Enn an där mir bei wichtegen Dossieren e gutt Stéck viru komm sinn. Besonnesch ervirhiewe wëll ech de Beräich vun de Schoulen. Net nëmmen ass an der Chamber e Gesetzprojet gestëmmt ginn, dee Qualitéitskritere an der Kannerbetreiung virschreift –  e Meilestee fir e besseren Encadrement vun deene Klengsten an eiser Gesellschaft,  ma et ass dem Educatiounsminister Claude Meisch och gelongen, en Accord mat der Enseignantsgewerkschaft SNE fir eng besser Schoulentwécklung an der Grondschoul ze fannen. Ganzer 3.500 Stonne wäerten an deenen nächste 4 Joer zousätzlech an d'Ënnerstëtzung vu Kanner mat Léierschwieregkeete fléissen. Dat ass ganz substantiell!

Éischter blaméiert huet sech do dergéint deen een oder aneren Oppositiounspolitiker. E viralen Hit ass mat 50.000 Klicks d'Ausso vun der CSV-Deputéierte Françoise Hetto-Gaasch, déi d'Intelligenz vu Kanner déi an d'Crèche ginn, ugezweiwelt huet. Den Educatiounsminister huet et sech awer net huele gelooss, déi fréier Familljeministesch Marie-Josée Jacobs géint esou eng Kritik a Schutz ze huelen. Och den CSV-Parteipresident Marc Spautz huet an der Chamber gewisen, dat hien, andeem hien de Wäerteunterrecht generell a Fro gestallt huet, säin eegene Wahlprogramm net gutt kennt. Zur Erënnerung, och d'chrëschtlech Vollekspartei ass  nach an hirem Wahlprogramm fir e Wäerteunterrecht am Secondaire agetrueden. Ob de Parteipresident seng Privatmeenung vertrueden huet oder d'Partei hir Meenung geännert huet, konnt ech bis ewell leider nach net erausfannen.

Mat liberale Gréiss,
Marc Ruppert 

Marc Ruppert