Sie sind hier

Fir méi Nohaltegkeet, Gerechtegkeet, Selektivitéit a Kompetitivitéit

News Steuern Pierre Gramegna

Nodeems d’Regierung de Projet vun der Steierreform den 29. Februar virgestallt hat an déi leschte Wochen d'Sozialpartner consultéiert huet, huet de Finanzminister Pierre Gramegna elo weider Upassungen am Kader vun der Steierreform virgestallt.

D'Augmentatioun vun der Valeur faciale vun de Chèques-Repas vun 8,40 op 10,80 Euro (+28%) ass fir d'Joëlle Elvinger net nëmmen eng gutt Saach fir d'Salariéen, ma och fir déi Lëtzebuerger Economie. Den Eugène Berger begréisst, datt bei den monoparentalen Stéit nach emol konkret nogebessert gëtt. Och den Abattement fir ënnert anerem Fleegehëllef doheem gëtt vun 3.600 op 5.400 Euro erop gesat.

D’Steierreform steet domadder weider ënnert dem Zeeche vu 4 groussen Ideeën: Nohaltegkeet, Gerechtegkeet, Selektivitéit a Kompetitivitéit.

  • Nohaltegkeet, och vun den ëffentleche Finanzen. Dës Adoptiounen wäerten de Budget net aus dem Gläichgewiicht bréngen. Weider gëllt et also eng verstänneg Politik ze maachen, dat mat enger Steierreform déi d'Léit vun haut entlaascht an d'Zukunft vun eise Kanner net op d'Spill setzt.
  • Gerechtegkeet: Grad déi Leit, déi kleng Revenuen hei am Land hunn, sollt besonnesch gehollef ginn. Esou goufen zousätzlech Mesurë fir d'Wittléit an de Monoparentauxen ukënnegt. Awer och wäert de Staat de jonke Familljen nach méi entgéintkommen.
  • Sozial Selektivitéit bedeit, dass dës Regierung gezielt Mesuren hëllt, déi konkret Resultater brénge. Esou gëtt ee Joer nom Akraafttrieden vun der Steierreform gekuckt, op d’Zieler erreecht goufen, virun allem op sozialem Plang.
  • Kompetitivitéit: Des Steierreform ass gutt fir eis Wirtschaft, gutt fir de Wuesstem, an domatter gutt fir Aarbechtsplazen. Och op dësem Gebitt hu mer an de läschte Wochen nach zousätzlech Mesure festgehal, déi ech iech haut virstellen.

Weider Informatiounen

Pierre Gramegna a présenté les compléments apportés au projet de réforme fiscale (gouvernement.lu) [méi...]

Pierre Gramegna