Sie sind hier
Et gëtt nach vill Potenzial am Kulturtourismus
Den DP-Deputéierten André Bauler huet haut an der Chamber der zoustänneger Staatssekretärin Detailer zum Kulturtourismus gefrot.
Kulturtourismus huet Entwécklungspotenzial
„Mir verfügen heiheem op engem klengen Territoire iwwer eng ofwiesslungsräich Kulturlandschaft an och iwwer en architektoneschen an immaterielle Patrimoine, deen sech weise léisst“, esou den Nord-Deputéierten op der Chamberstribüne. Et wier och aussergewéinlech, datt esou e klengt Land wéi Lëtzebuerg gläich dräimol op der Unesco hire Weltlëschte steet.
Europaëscht Joer vum Patrimoine
Well 2018 dat europäescht Joer vum Patrimoine ass, a mir de 25. Joresdag vun der Aschreiwung vun den ale Quartieren a Festungsbaute vun der Stad Lëtzebuerg op d’Lëscht vum Weltpatrimoine vun der Unesco feieren, wollt den DP-Deputéierte och wësse wat fir konkret touristesch Projeten am Kader vun dëse Festivitéite geplangt sinn.
Konkret Perspektiven an Offeren
Doniewent huet den André Bauler no konkreten Offeren a Perspektiven an de Beräicher vum Tourisme de mémoire, dem Kongress- a Seminartourismus, den touristesche Pied, dem Eurewelcome-Label an de kulturellen Itiniräre gefrot.