Sie sind hier

Eng responsabel Budgetspolitik fir d’Zukunft vun eisem Land

News Finanzen Pierre Gramegna

No der Ried vum Budgetsrapporter de Mëttwoch de Moien, war et um Finanzminister Pierre Gramegna de Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm (PSC) an der Chamber virzestellen an op déi mëttelfristeg Entwécklung vun de Staatsfinanzen anzegoen. A senger Interventioun huet de Ressortminister däitlech gemaach, dass den ëffentlechen Haushalt op feste Bee steet an dank enger responsabeler Budgetspolitik och viraussiichtlech an den nächste Jore wäert bleiwen.

Zolitt Staatsfinanzen bei gläichzäiteg Rekordinvestitiounen

Lëtzebuerg erfëllt zu all Moment déi europäesch Reegelen: D’Schold läit mat ronn 20% vum PIB wäit ënnert de Kritäre vu Maastricht a wäert an den nächste Jore souguer bis op 18,4% erofgoen. Och den Objectif budgétaire à moyen terme (OMT) gëtt zu all Moment respektéiert, de strukturelle Solde läit déi ganz Period bis 2023 däitlech iwwert dem Riichtwäert vun 0,5% vum PIB.

Den Defizit vun 650 Milliounen fir dëst Joer wäert an den nächste Joren nees zréckgoen, fir géint der Enn vun der Legislaturperiod bei nach just 44 Milliounen ze leien. Et wier awer e bewosste Choix vun der Regierung gewiescht, dësen Defizit ze maachen, fir déi wichteg an néideg Investitiounen an eis Infrastrukturen, de Klima- an Ëmweltschutz, an eis Schoulen, Spideeler, Altersheimer asw. kënnen ze realiséieren, huet de Finanzminister ënnerstrach. Déi beschte Manéier, fir d’Problemer vun haut an d’Erausfuerderunge vu muer unzegoen, wier déi vun enger ambitiéiser Investitiounspolitik zugonschte vun den nächste Generatiounen.

Virsiichteg Estimatiounen

Der Oppositioun hir Kritik, d’Previsioune wieren ze optimistesch, huet de Pierre Gramegna net gëlle gelooss an den exzellente Bilan vun de vergaangene Budgetsexercicen entgéintgehal: An de leschte fënnef Joer hätt de Ministère dräimol eng Punktlandung bei den Estimatioune vun de Recette gemaach, zweemol wieren dës souguer däitlech iwwertraff ginn, sou de Pierre Gramegna.

Dëst wier de beschte Beweis, dass déi vun DP geféiert Regierung eng ganz virsiichteg, responsabel an equilibréiert Finanzpolitik bedreift, an och de Grond, firwat all wichteg international Organisatioun, wéi d’Europäesch Kommissioun an d’OCDE, dëst och unerkennen a bestätegen.


Pierre Gramegna