Sie sind hier

Congé parental

News Familie Corinne Cahen Gilles Baum

Wann d’Demande elo gemaach gëtt, de Congé parental awer nom Akraafttriede vum Gesetz ufänkt, kënnen d’Eltere vun de NEIE Modeller vum Congé parental profitéieren.

Och de Rapporteur vum Gesetzprojet Gilles Baum begréisst dëst Amendement: „Et ass gutt dat déi Demandë vun haut ënnert dem neie Modell vum Congé parental kënne gemaach ginn. D'Zil vun der Reform ass et dat méi Elteren drop zeréckgräifen, an dës Entscheedung wäert och derzou bäidroen.“

Wat ännert sech?

Déi gréisste Ännerung wäert déi vun der Flexibiliséierung vun der Dauer sinn. Niewent dem aktuelle System, dee entweder 6 Méint ganzdags oder 12 Méint hallefdag virgesäit, soll et elo méiglech sinn de Congé parental fir  4 Méint ganzdags, respektiv 8 Méint hallefsdags ze huelen. Een Elterendeel muss dee Congé parental, wéi elo och schonn, obligatoresch direkt nom Congé de maternité/d’allaitement, oder dem Congé d’accueil bei Adoptiounen huelen.

Eng weider Méiglechkeet ass bei engem Vollzäitkontrakt vun 40 Stonnen, de CP op eng Period vun 20 Méint während engem Dag pro Woch ze huelen, oder bis zu 4 Auszäiten vu mindestens engem Mount innerhalb vun 20 Méint. Déi nei flexibel Modeller mussen am Accord mam Employeur geholl ginn. De Congé parental ganzdags (also déi 6, an elo och 4 Méint), däerf och weiderhinn net vum Patron  refuséiert ginn.

D’Indemnitéit, déi bis elo bei 1778€/Mount louch, gëtt duerch en Ersatzsalaire ersat, plafonnéiert op 3200€/Mount. Dat heescht, datt ee während dem Congé parental säin Akommes, falls dat ënnert 3200€ läit, behällt. Och déi enescht Limite gëtt eropgesat, an zwar op den onqualifizéierte Mindestloun (1922,9€). Fir den Ersatzsalaire ze définéieren, gëtt de Verdéngscht vun de leschten 12 Méint berücksichtegt.

Nei ass och, datt de CP bis virum 6. Liewwensjoer vum Kand geholl muss ginn, aktuell ass et bis zum 5. Gebuertsdag. Bei Adoptiounen soll den Délai op 6 Joer nom Congé d’Accueil, a bis den 12. Gebeurtsdag vum Kand, eropgesat ginn.

Eng 10 Stonnen Aarbecht pro Woch wäert an Zukunft och duer goen, amplaz vun 20 Stonnen, fir een Recht op CP ze hunn. Och d’Bedingungen, datt een bei engem eenzege Patron ugestallt ass, soll ewechfaale, sous réserve dat déi verschidde Patronen bei dem een Elterendeel agestallt ass, averstane sinn. 

Déi zwee Elteren duerfen an Zukunft de CP och zu nämmlechter Zäit huelen, also direkt nom Congé de maternité/d’allaitement oder nom Congé d’accueil.

Wéini leeft de neie CP un?

De Gesetzprojet ass nach um Instanzewee a gëtt viraussiichtlech am Hierscht gestëmmt.

 


Corinne Cahen

Gilles Baum