Sie sind hier

Digital Verwaltung: éischt konkret Projete virgestallt

News Gesellschaft Medien und ICT Staat und Öffentlicher Dienst Marc Hansen

Foto: ©MinDigital

Déi nei digital Technologie bidden e grousst Potenzial fir d’Relatioun tëscht de Bierger an de Verwaltungen däitlech ze vereinfachen. Dat ass och d’Zil vun den neie Projeten, déi den delegéierten Digitalisatiounsminister Marc Hansen elo presentéiert huet. Domadder huet de Marc Hansen op en Neits ënnerstrach, dass et der Regierung bei der Digitalisatioun virun allem ëm de konkreten Notzen geet: De Mënsch steet am Mëttelpunkt.

Deemno kann ee mat der neier GouvCheck-App d’Authentizitéit vun offiziellen Dokumenter, wéi e Certificat de résidence kontrolléieren, déi een aus dem Internet erofluet. Donieft sinn op Myguichet.lu verschidden nei Funktiounen dobäikomm, z.B. d‘Méiglechkeet fir seng Rechnungen mat Digicash ze bezuelen, sech mat „E-tracking“ iwwert de Status vu sengen Demarchen z‘informéieren, oder nach e Rendezvous online bei enger Verwaltung ze huelen.

De Communiqué vum Ministère kann een hei noliesen [méi...]

 


Marc Hansen