Sie sind hier

D’Viraussetzunge fir en Haus Europa sinn do

News Europawahlen Tribune libre Anne Daems

Ech stelle mir Europa als een Haus vir, wou jo all eenzelt  Element – vum Fundament bis op den Daach – gebraucht gëtt. Wa jiddereen eng Hand mat upeekt, dann ass Stabilitéit do, an zwar fir jiddereen.

Leider huet sech déi Stäerkt vun der EU als oppent Haus, an deem jidderee wëllkomm war, dee sech un d’Reegele gehalen huet, antëschent an eng Schwächt verwandelt.

An dat grousst, oppent Haus Europa goufen nei Matbewunner opgeholl, déi gemengt hunn, d’Reegele géinge just fir déi aner gëllen. An och anerer, déi scho méi laang dobäi sinn, hu gefalen un där Astellung fonnt. Wann dat am Ufank nach net esou gestéiert huet, well just d’Fassade gebréckelt huet, sou ass et awer elo ferm Zäit fir anzegräifen, well elo gëtt um Fundament gefréckelt.

D’Fundament vum Haus Europa, dat sinn déi Wäerter, déi an den Hausreegelen, also am Traité, festgeschriwwe sinn: Fräiheet, Demokratie, Mënscherechter, Dignitéit, Gläichheet a Rechtsstaatlechkeet.

An d’Matbewunner, dat sinn d’Memberstaaten, déi sech des Hausreegele selwer ginn hunn. Lo kënnen déi, déi weider bereet si sech un d’Reegelen ze halen, deenen aneren hier Laascht matdroen. Ma op Dauer ass dat ee Kraftakt, dee net auszehalen ass. Ausserdeem stéiert et d’Zesummewunnen immens. Dat ass de Contraire vun engem solidareschen Europa. Mir hunn dat an der Flüchtlingsfro gesinn.

Wéi stabil ass dëst Haus nach, wa kee méi bereet ass eppes ze maachen, wat him net direkt ze gutt kënnt?  

Mam Austrëtt vu Groussbritannien verléiert d’Europäesch Unioun iwwerdeems e wichtege Pilier. Dofir dierf elo net just noutdürfteg gefléckt ginn. Neen, et muss carrement ëmgebaut ginn. 

D’Europaparlament huet an deene leschte Joren eng ganz Rei Virschléi gemaach, wéi dat Haus Europa kéint sanéiert a renovéiert ginn, ouni un d’Fundament ze goen. Donieft kéint een domat dräen, deene Matbewunner, déi sech net un d’Hausreegelen halen hiren Deel aus der Hauskeess ze sträichen. 

Op där anerer Säit hunn déi Briten, déi géint de Brexit waren, eis gewisen, wéi no d’EU hinne steet.

Mir sinn eis dacks net bewosst, wéi verwuerzelt mir am Alldag mat Europa sinn. Ah jo, hinnen ass och eréischt dee Moment kloer gi, wat si un Europa hunn, wéi se bis am Begrëff waren alles ze verléieren. 

Ech denken, datt dëst eng Chance ass, déi z’ergräifen et gëllt a wou mir eis soe mussen: hei gëtt et e Projet, un deen ze gleewen et derwäert ass.

D’Architekte vun der EU hunn eis viru méi wéi 70 Joer de Plang virgeluecht, et ass elo un eis Handwierker dee Plang un d’Welt vu muer unzepassen.

D’Material dofir ass do, d’Handwierksgeschir och. Soubal e kloert Konzept um Dësch läit, muss intelligent a nohalteg gebaut ginn.

 


Anne Daems

AnhangGröße
Audio Icon 20190211_tribune_libre_adaems.mp33.77 MB