Sie sind hier

CETA-Accord: Wann et der europäescher Ekonomie gutt geet, da geet et och eisem Land gutt!

News Außenpolitik Gusty Graas

Virop huet de Gusty Graas drun erënnert, datt d’EU-Parlament den Accord schonn de 15. Februar 2017 guttgeheescht huet, an datt den Text zënter dem September 2017 zu méi oder wéineger 90 Prozent (provisoresch) applizéiert ginn ass.

Zu Lëtzebuerg ass de Gesetzrapport den 9. Mäerz ugeholl ginn. Doriwwer eraus ware schonn 3 Motiounen dozou gestëmmt ginn: den 18. November 2015, de 7. Juni 2016 an den 20. Oktober 2016. Nët ze vergiessen, eng Parti Diskussiounen um Krautmaart iwwert dat Thema. Déi ganz Verhandlungsresultater sinn ëffentlech nozeliesen, dofir kéint kee behaapten, datt d‘Diskussiounen hanner zouenen Diere gelaf wieren, esou den DP-Spriecher.

Wat d’Recht op Géigemanifestatioune betrëfft, hätt jidderee kënne seng Oppositioun artikuléieren. Elo, an déi Jore virdrun – wat och geschitt wier.

De Riedner huet och drop higewisen, datt Lëtzebuerg bis elo iwwer 100 där Handelsofkommes gestëmmt huet. An déi wieren all wéi eng „Lettre à la poste“ an der Chamber duerchgaangen.

De CETA-Accord huet e groussen Impakt op den Emploi hei am Land: eng 100.000 Aarbechtsplazen hänke vum Export baussent der EU of. E Chiffer, deen d’Potential vun esou Ofkommes beleet, huet de Gusty Graas ënnerstrach.

Dovunner ofgesi wier d‘EU den 2. Importateur a Kanada. Schonn 2018 wieren d’EU-Exporter an de Kanada ëm 15 % an d’Lut gaang. Kanada wier den 9. Handelspartner vu Lëtzebuerg, baussent der EU. „Wann et der europäescher Ekonomie gutt geet, dat geet et och eisem Land gutt“, esou den DP-Deputéierten.

De Accord, esou wéi en elo gestëmmt ginn ass, géing de Staaten an der Unioun ronn 500 Milliounen Euro Douanestaxen d’Joer erspueren, déi an aner wichteg Beräicher kéinten investéiert ginn.  

Kanada hätt 143 Produkter aus dem europäescher Liewensmëttelberäich unerkannt, déi spezifesch Nimm aus Regiounen hunn, also eng gewësse Marque régionale duerstellen: z.B. de Roquefort aus Frankräich, de Gouda aus Holland oder de Prosciutto di parma aus Italien.

E weideren Avantage fir d’Betriber wier déi reciproque Unerkennung vun Evaluatiounszertifikater vu Produkter. Domadder géinge Suen an Zäit gespuert.

Fir d’DP wier et och wichteg, datt nëmme Gesellschaften, déi ekonomesch Liene mat der EU, respektiv mat Kanada hunn, vum Accord profitéiere kënnen.

Esou kéinte Lëtzebuerger Entreprise u kanadeschen Ausschreiwungen deelhuelen, wat besonnesch de Kleng- a Mëttelbetriber géing nei Méiglechkeete bidden.

De Gusty Graas huet och begréisst, datt Limite fir d‘Exemptioun vun Douanestaxe festgesat gi sinn, wat den Import vu landwirtschaftleche Produkter ubelaangt. De Pouletsmarché gëtt esou z.B. net liberaliséiert: eng zousätzlech Garantie fir eis Landwirtschaft!

Weider mussen auslännesch Operateuren, déi Servicer an der EU ubidde wëllen, déi europäesch an national Gesetzgebunge respektéieren. All EU-Member däerf weiderhi Gesetzestexter am ëffentlechen Interessi adaptéieren.

D’DP hat gewësse Virbehalter vis-à-vis vu CETA, dofir besti 4 rout Linnen, déi net dierfen iwwerschratt ginn an déi de Gusty Graas nach eemol rappelléiert huet:

  • Fir d’DP kënnt net a Fro, datt elementar europäesch Sozial- an Ëmwelt-Standarde verwässert ginn. D’DP war just mat enger Konvergenz vun de Normen no uewen d’accord.
  • D’DP ass fir een Accord mixte, d.h., datt déi 43 Parlamenter – an net just 27 – CETA mussen unhuelen, och wann dee Vott sech just op e Brochdeel vum Accord bezitt.
  • Dee wesentleche Punkt fir d’DP, ass den ICS, also den Investment Court System. Besonnesch eng liberal Partei, déi op d’Rechtsstaatlechkeet setzt, kann net domat liewen, datt op eemol privat Juridictioune géingen existéieren. Dat ass fir d‘DP inakzeptabel. Dofir ass et gutt, datt an deem ëmstriddene Punkt eng positiv Entwécklung komm ass. Et soll jo ee spezifescht Geriicht geschafe ginn, deem seng d’Magistrate vun enger offizieller Autoritéit genannt ginn. Et dierft op kee Fall sinn, datt an engem Rechtsstaat op eemol Affekotebüro Riichter spillen. Besonnesch fir Lëtzebuerger Entreprisen ass et wichteg, datt se vun enger neutraler Juridictioun profitéiere kënnen. Dofir hofft d’DP och, datt all d’UE-Parlamenter déi Form vu Schiidsgeriicht unhuelen.
  • De Prekautiounsprinzip muss spillen, deen och am Artikel 191 vum Traité vu Lissabon garantéiert ass.

D’DP begréisst prinzipiell dat Handelsofkommes, dat awer net a Beton gegoss ass a kann ugepasst ginn. D’EU huet z.B. d’Méiglechkeet fir hir Normen duerchzesetzen, besonnesch wat den Ëmweltschutz an d’Nohaltegkeet betrëfft, esou nach de Gusty Graas. Duerch deen Ofschloss géing d’EU – an domadder och Lëtzebuerg – hir Positioun, z.B. vis-à-vis vun den USA oder China, verbesseren.

Hei ass de Link vun der ganzer Interventioun vum Gusty Graas an der Chamber [méi...].


Gusty Graas