Sie sind hier

Tourismus am ländleche Raum

News Gesellschaft André Bauler

Den DP-Deputéierten André Bauler huet an der Chamberssëtzung bei der Staatssekretärin nogefrot, wéi ee kann den Tourismus am ländlech Raum besser no bausse verkafe a wéi et mam Kongresstourismus zu Lëtzebuerg wier.

D’Staatssekretärin fir Tourismus huet him geäntwert, datt de Kongresstourismus eng Prioritéit vun der Regierung ass. Et ass gewosst, datt e Kongresstourist 3x méi ausgëtt wéi en normalen Tourist. Dofir wäert e spezielle Büro crééeiert ginn, deen sech ausschliisslech ëm d’Demande aus dem Beräich Kongresstourismus këmmert. De Kongresstourismus kann esou och op aner Regioune vum Land wéi just d‘Haaptstad ausgebaut ginn. Fir den Tourismus am ländleche Raum weider ze ënnerstëtze gëtt un engem Fënnefjoresplang fir d „Gîtes d’étapes“, engem Bed&Breakfast Modell souwéi un enger besserer Ubannung vu Garen, Vëlos- a Wanderweeër geschafft. D’lescht Joer goufen et 3 Milliounen Iwwernuechtung zu Lëtzebuerg, d’Zuelen am Éislek an am Mëllerdall waren awer réckleefeg.

Weider Informatiounen

Interventioun vum André Bauler [méi...]

 

André Bauler