Sie sind hier

Corinne Cahen : D’Accessibilitéit vun ëffentleche Gebaier a vu gréissere Residence fir behënnert Leit garantéieren

News Gesellschaft Corinne Cahen

Well schonn een Träpplek kann e Mënsch am Rollstull dorunner hënneren, fir an e Gebai ze kommen. An och geeschteg behënnert Leit hu speziell Besoinen (z.B. eng adaptéiert Beschëlderung) oder Persounen, déi net héieren (Visiophone ënnen an enger Residence).

D’Ressortministesch Corinne Cahen huet dem Regierungsrot elo e Gesetzprojet virgeluecht, deen de behënnerte Bierger soll hir fundamental Rechter a Fräiheeten an deem Kontext garantéieren.

Betraff sinn all staatlech a kommunal Gebaier, gréisser Residencen a Weeër (Voirie). Déi nei Reegele sollen awer och fir Geschäfter, Dokteschcabineten oder Restaurante gëllen, also fir all déi Plazen, déi musse fir jiddereen accessibel sinn. Si all sollen an Zukunft behënnertegerecht konzipéiert ginn. Déi nei ëffentlech Constructioune sollen direkt adaptéiert geplangt ginn; fir bestoend Gebaier ass eng Frist bis 2029 virgesinn.

Nei ass och, datt d’Parties communes vun den neien! Residencen – ab 3 Stäck a 5 Logementer – mussen esou geplangt ginn, datt se uerdentlech zougänglech sinn. An Zukunft muss och een Zéngtel vun de Logementer an Appartementshaiser speziell Oploen erfëllen, fir datt eeler an/oder behënnert Persoune kënnen dra wunnen. Dat gëllt z.B. fir en accessibelt Buedzëmmer oder breet Dieren. De Staat wäert awer de privaten Investisseuren hei finanziell ënnert d’Ärem gräifen, esou d’Corinne Cahen de muere virun der Press.

Betraff sinn; bei den ëffentleche Gebaier: Schoulen, Restauranten, Kinoen, Hotellen, Motellen, Familljepensiounen, Jugendherbergen, Internater oder Spideeler.

Opfankstrukturen, déi dem ASFT-Gesetz ënnerstinn.

Net betraff sinn: Strukturen, déi vum OLAI geréiert ginn. Campingsplazen oder temporär Strukturen.

Bei den ëffentleche Weeër sinn z.B. betraff: Trottoiren, Groussgaass, Bus- an Tramsarrêten. Awer net d’Autobunnen!

Residencen: Nëmmen déi nei Appartementshaiser mat op d’mannst 5 Wunnengen an 3 Stäck, déi eréischt gebaut ginn. KENG HAISER!

Derogatioune kënnen nëmmen fir bestoend Gebaier ugefrot ginn. Et geet hei besonnesch drëms fir Spillraum fir innovativ Léisungen ze loossen, wann d’Dispositioune vum Gesetz net einfach ëmzesetze sinn.

Wat d’Käschte betrëfft, ginn international Etuden iwwregens dovunner aus, datt déi besser Accessibilitéit net onbedéngt mat méi héije Käschte verbonnen ass, wann d’Gebai vun Ufank un deemno geplangt gëtt.

De Gesetzprojet ass zesumme mat de Vertrieder vun de concernéierte Persounen (z.B. vum Conseil supérieur des personnes handicapées) ausgeschafft ginn.

Den Text ass d’Ëmsetzung vun der UN-Behënnerterechtskonventioun iwwer d’Accessibilitéit.

 


Corinne Cahen