Sie sind hier

Déiereschutzgesetz

News Landwirtschaft und Weinbau

De Minister fir d'Landwirtschaft Fernand Etgen huet e neie Gesetzprojet virgestallt, deen d'Déieren an hirer Würd schützt an deen hiert Wuel als zentral Element huet. Domadder geet dat aktuellt Gesetz vun 1983 ersat, dat fir den Déiereschutz eisen Zäiten unzepassen.

Nei ass nieft enger Definitioun vum Déier déi seng Dignitéit berücksichtegt, och dass elo Prozedure festgehale ginn, esou dass  am Fall wou Déiere gequält ginn, ganz schnell gehandelt ka ginn. D'Kontrollen an d'Sanktioune sinn an dësem Zesummenhang och komplett iwwerschafft a verschäerft ginn.

Desweideren zielt den neien Text och eng ganz Rei Akte fir, déi carrément verbuede ginn, dat fir onnéideg Péng ze verhënneren.

  • Esou dierf keen Déier méi geziicht gi fir seng Haut ze benotzen,
  • an et dierfen och keng Jippelche méi einfach esou ëmbruecht ginn. Dësen Akt gëtt verbuede well de Respekt virum Déier nach ëmmer virum Profit stoe muss.
  • An Zukunft dierfen Hënn a Kazen och nëmmen nach vun Ziichter verkaaft ginn, déi déi néideg Installatiounen hunn fir d'Wuel vun dës Déiere ze garantéieren.

De Minister Etgen huet dann och nach ugekënnegt fir eng Sensibiliséierungscampagne zum Thema Déiereschutz ze organiséieren, dat fir op den neie gesetzleche Kader opmierksam ze maachen.

Fernand Etgen