Sie sind hier

Sport – d’Zäit leeft!

News Tribune libre Sport und Freizeit Claude Lamberty

Beim Thema Sport denke mir meeschtens direkt u glanzvoll Optrëtter vun eisen Athleten. Besonnesch am olympesche Joer si mir natierlech immens houfreg wann eis Sportler de roude Léiw erfollegräich an d’Welt erausdroen. Wéi emjubelt gëtt ee wann een iwwerzeegt ! De Wee dohin ass fir de Sportler allerdéngs immens laang an oft vu villen Hürden, Gedanken a Suerge geprägt.

Dat jonkt Talent wat sech Froe stellt op de Schrëtt zum Spëtze- resp. Profisportler och dee richtegen ass. Wat passéiert bei schlëmme Verletzungen ? Gett et Strukture fir Spëtzesportler di de Courage hunn et ze probéieren an et awer leider net packen de rout wäiss bloe Fändel an der ganzer Welt ze promoten a Lëtzebuerg esou mat groussem Ausruffzeechen op d’Weltkaart ze setzen ?

« Nation branding » par excellence kann en erfollegräiche Lëtzebuerger Spëtzesportler bedreiwen. Sympathien, Leidenschaft, Emotioune – dat alles léisst sech duerch Athleten a Kompetitioune vermëttelen.

Als Gesellschaft musse mir eis dofir hannerfroe wéi mir kënnen hëllefe fir méi Schlecken, Mulleren, Majerusen ze ënnerstëtzen, dass si dohi kommen d’ganzt Land a Freed an Euphorie ze versetzen.

Huelt d’Beispill vun Island bei der Europameeschterschaft am Football. Och an Teamsportaarten si kleng Natioune fäheg ze begeeschteren. Et ass d’Aufgab vu villen ënnerschiddlechen Acteuren dem Sport - ausserhalb vu renger Trainingsstruktur a Kompetitioun - ze hëllefen Lëtzebuerg dobaussen an der Welt erfollegräich ze vertrieden.

Wéi kënne mir d’Strukturen ëmbauen, dass zum Beispill nach méi Firme hei am Land bereet sinn de Spëtzesport gezielt ze förderen ?

Dat muss net just duerch Geldleeschtunge sinn, ech denken do zum Beispill u Garantië fir dem jonke Sportler eng Ausbildung unzebidde – esou, dass em de Sprong an de professionelle Sport duerch eng sozial Ofsécherung méi einfach fält. D’Lëtzebuerger Arméi mat der Elitesektioun Sport ass do e gutt Beispill – mee mir brauchen där méi.

Wat muss de Staat maache fir d’Federatiounen ze ennerstëtzen sech esou kënnen opzestellen, dass nieft den dausenden an dausende benevole Stonnen di all Joer ufale fir de Breedesport ze encadréieren – Spillpläng, Lizenzen, Reuniounen, Vermartkung - an nach villes méi – jo, wéi mussen se strukturell verännert gi fir och Zäit, Energie a Manpower genuch ze hunn fir och den Talent- a Spëtzesport kënne besser ze koordinéieren an ze betréien?

Et muss een sech just mol bewosst si wat am Sport all Dag hei am Land organisatoresch geleescht gëtt obwuel quasi alles am benevole Nieweberuff gemaach gëtt.

Wann ee weess wei dënn d’Äis un der europäescher oder weltwäiter Spëtzt ass muss ee sech zesumme setzen a kucke wei een den nächste Schrëtt ka maachen. E Schrëtt wou dono de Sport, den eenzelnen Athlet, eis Gesellschaft, an d’Lëtzebuerger Land als Gewënner do stinn.

Mir wëssen och all wei wichteg d’Bewegung am Allgemengen ass fir eng gesond Gesellschaft ze hunn. Mir wëssen, dass all Euro deen an d’Bewegungserzeiung gestach gëtt um Enn méi bëlleg gëtt wei gesondheetlech Problemer duerch Mangel u Beweegung kaschten.

A mir wësse wei wichteg Virbiller am Sport si – net just fir eis Kanner.

Jo, dir hutt Recht – et stellen sech Froen am Kontext vum organiséierte Sport hei am Land. Dat beim Breedesport a beim Spëtzesport. Op eng Rei gëtt et schonn Äntwerten !

Méi Äntwerte kënnen sech ergi wann een nach méi enk zesumme schafft an Initiativen bündelt. Ech denken, dass no erfollegräichen Assisesculturelles d’Zäit komm wär fir elo och all d’Acteuren aus der Sportswelt mat de Partner aus Wirtschaft, Medien, Santé, COSL an Educatioun zesummen ze bréngen a bei Sport Assisen zesummen ze kucke wei mir dem Lëtzebuerger Sport kënnen hëllefe fir bei den nächsten Olympesche Spiller nach méi Euphorie am Land auszeléisen.

 


Claude Lamberty