Sie sind hier

Lëtzebuerg kritt en Archivgesetz

News Kultur Guy Arendt André Bauler

Mam Vott vum Archivgesetz gouf den alleréischte legale Kader iwwerhaapt zu Lëtzebuerg fir den Archivage geschaf. Domat ass e wichtege Schrëtt gemaach fir d‘Erhalung an d‘Iwwerliwwerung vun eisem kulturellen Ierwen.

Donieft ass eng ausgepräägten Archivkultur wichteg fir den ëffentlechen Debat an d’Transparenz vum Staatsapparat.

Den DP-Deputéierten André Bauler, Rapporter vum Archivgesetz, sot dozou a senger Ried:

D’Archive sinn dat kollektiivt Gediechtnes vun eisem Land, déi Plaz, wou – am Idealfall – all déi relevant historesch Dokumenter aus eiser Geschicht gesammelt ginn. Si sinn domadder net manner wéi eng Fënster, déi een opmaache kann, fir an d’Vergaangenheet ze kucken. Alles an allem si se indispensabel fir eis kollektiv Memoire.

 

Dat neit Gesetz schaaft eng kloer Definitioun, wat als Archive betruecht gëtt, wéi eng Institutioune betraff sinn a wéi eng net. Och fir d’Konservéieren an den Zougang zu den archivéierten Dokumenter sinn däitlech Kritären opgestallt ginn.

Déi Verwaltungen, déi Dokumenter mat engem historeschen Interêt produzéieren, ginn duerch dat neit Gesetz verflicht, déi Ënnerlagen ze halen a se un d’Nationalarchive wieder ze ginn. Déi onerlaabt Zerstéierung vun esou Archive gëtt ënner Strof gestallt.

D’Verwaltungen hu mam Akraafttriede vum neie Gesetz siwe Joer Zäit, fir en Tableau de tri opzestellen, dee festleet, wat gehale soll ginn a wat een zerstéieren däerf. Nom Oflafe vun den Dokumenter hirem administrativen Notzen, gi se dann an d’Bestänn vun den Nationalarchiven iwwer, déi sech ëm déi adequat Konservéierung këmmeren.

Gläichzäiteg gëtt et eng ganz Rei Ausnamen: vill Institutiounen, wéi z.B. d’Chamber, de Staatsrot oder déi reliéis Gemeinschafte kënne sech selwer ëm hir Archive bekëmmeren.

Fir sécherzestellen, dass sensibel Donnéeën geschützt sinn, gi jee no Dokument ënnerschittlech Délaien opgestallt, vu wéini u se zougänglech sinn. Sou sinn z.B. Dokumenter, déi ënnert d’Steiergeheimnis falen, mat engem Délai de communication vun 100 Joer beluecht. Bei Dokumenter, déi Informatiounen zur nationaler Sécherheet enthalen, ass et eng Frist vu 50 Joer.

De Staatssekretär an der Kultur, de Guy Arendt, huet och sengersäits begréisst, dass Lëtzebuerg dem Archivage mat dësem Gesetz endlech déi Beuechtung gëtt, déi en eigentlech verdéngt. Gutt geréiert Archiver wieren e wichtegt Element an engem modernen an transparente Staat, en Uleies, dat dës Regierung ganz eescht géing huelen.

 


 

Guy Arendt

André Bauler