Sie sind hier

National Elterevertriedung a Mini-Crèchen

News Bildung Gilles Baum

An der Chamber stoungen en Donneschdeg 2 Gesetzprojeten aus dem Educatiounsministère um Ordre du jour. Den DP-Deputéierte Gilles Baum huet déi zwee Projeten um Krautmaart virgestallt.

Et goung eng Kéier ëm d'Schafe vun enger national representativer Elterevertriedung. Dës gëtt an Zukunft demokratesch gewielt. D’Eltere vu Schoulkanner kréien op nationalem Niveau eng legitiméiert Stëmm fir hir Interessie beim Ministère ze vertrieden.

Fir de Rapporteur Gilles Baum dréit dat och dozou bäi, fir d'Partenariat tëschent der Schoul an den Eltere weider ze stäerken: " Dëse Projet ass ee weidere Schrëtt an d'Richtung vun engem gudde Partenariat tëscht der Schoul (oder den non-formale Bildungsstrukturen) an den Elteren. De Rôle vun den Elteren ze stäerken, dat heescht si als Partner vun der Schoul unzegesinn; si an Entscheedunge mat anzebannen; hinnen eng Stëmm ze ginn, si ze responsabiliséieren, si net nëmmen z'informéieren, mä si och deelhuelen ze loossen. Dat schaaft ee Vertrauensverhältnes, wat zu gudder Lescht och den eenzele Schüler zeguttkënnt", esou de Gilles Baum.

Do dernieft gouf och de Projet vun de Mini-Crèchë gestëmmt. An deene méi klengen an heemleche Strukturen dierfen an Zukunft héchstens 11 Kanner betreit ginn, dovunner maximal 4 ënner 1 Joer. De Rapporter vum Gesetzprojet, de Gilles Baum, ass nach eng Kéier op d'Virdeeler vun esou enger Mini-Crèche agaangen: " Eng Mini-Crèche ass eng nei Struktur tëschent enger Dagesmamm oder -papp an enger normaler Crèche. Si ass méi kleng a bitt eise Klengste domat méi een heemleche Kader. D'Qualitéitskritäre bleiwen allerdéngs nämmlecht héich, ewéi an den anere Betreiungsstrukturen. Et kann een zudeem an de Genoss vum Chèques-services accueil kommen, a wann de Wonsch besteet, kann eng Mini-Crèche och d'Formation plurilingue ubidden. Dat heescht d'Kanner bis 4 Joer hunn 20 Stonne gratis Betreiung pro Woch zegutt", huet de Gilles Baum ënnerstrach.

 


Gilles Baum