Sie sind hier

Jeannot Belling (†)

News

© Foto: 100komma7.lu

D’DP trauert em hire Frënd Jeannot Belling, deen am Alter vu 65 Joer gestuerwen ass.

De Jeannot wor vun 1997 bis 2009 Buergermeeschter vu Réimech. 

Vun 1999 bis 2004 wor hien DP-Deputéierte fir de Bezierk Osten. 

Während senge Joren an der Chamber huet de gebiertege Fëschmaarter sech vill fir de Bezierk Osten a fir Réimech agesaat. Awer och fir seng Aarbechtskollege vun der Douane.

De Verstuerwenen huet sech zënter 2014 als Nationalpresident vun der Amiperas ëm d’Uleies vun den eelere Leit hei am Land beméit.

A senger Jugend wor de Jeannot Belling en aussergewéinlech gudde Schwëmmer

Mir behalen de Jeannot an Erënnerung als joviale Frënd an als Politiker, deem d’Wuel vun der Allgemengheet a vu sengem Réimech um Häerz louch.

D’DP seet der Famill vum Jeannot Belling hiert opriichtegt Bäileed.