Sie sind hier

Gemengefinanzreform

News Finanzen Gemeinden Landesplanung und Wohnen Max Hahn

De Max Hahn huet an der Chamber der Regierung felicitéiert, datt si sech déi neideg budgetär Mëttele ginn huet, fir d’Gemengefinanzreform esou ëmzesetzen, datt vill Gemengen gewannen ouni datt anerer verléieren: „D’Regierung huet erkannt, dass d’Liewensqualitéit enk verbonnen ass, mat de finanzielle Mëttelen déi d’Gemengen zur Verfügung hunn fir direkt um Terrain ze investéieren. 74 Gemenge gewannen, all Regioun gewënnt a keng Gemeng verléiert. Dat ass de Bilan vun dëser Reform!

Dofir gëllt och eisem Finanzminister e spezielle Merci. Zum engen huet hien accordéiert, dass dem Gemengesecteur an Zukunft all Joer ronn 90 Milliounen méi zur Verfügung stinn, an zum aneren huet hien sech och derfir agesat, dass am Kader vun dëser Reform keng Gemeng och nëmmen een Euro verléiert an dofir huet hien de Gemenge nach zousätzlech 20 Milliounen d’Joer zur Verfügung gestallt. Et fléissen also ab dem nächste Joer all Joer 110 Milliounen méi an d’Gemengekeesen.

D’Liewensqualitéit zu Lëtzebuerg kann nëmmen iwwert eng Kombinatioun aus enger intelligenter Landesplanung a staarke Gemengen an d’Luucht goen. 

D’Rolle vun den eenzele Gemenge mussen am Kader vun der Landesplanung kloer verdeelt ginn: während déi urban Gemenge virun allem Plaz fir d’Wunnen an d’Aarbecht schaafe sollen, mussen et och Gemenge ginn, déi als eng Zort „gréng Long“ en Equiliber zu dëse Ballungsréim duerstellen.

Dat heescht awer net, dass ländlech Gemenge manner wichteg Aufgaben an Erausfuerderungen unzepaken hunn oder d’Bierger aus dëse Regioune vernoléissegt solle ginn“, betount de Max Hahn, „All Gemeng, egal op urban oder ländlech, huet eng wichteg Roll an der Entwécklung vun eisem Land ze spillen. Dofir muss all Gemeng déi néideg finanziell Mëttelen zur Verfügung gestallt kréien, fir hir Missiounen am Déngscht vum Bierger erfëllen ze kënnen.

D’Gemengefinanzreform dréit deem voll a ganz Rechnung, an déi zousätzlech ronn 110 Milliounen déi d’Gemengen 2017 méi kënnen investéieren, ënnersträichen dëst ganz däitlech.

 

view video on chd.lu


Ried vum Max Hahn

 


Max Hahn