Sie sind hier

D’DP stellt hiren Europa-Programm vir.

News Europawahlen Außenpolitik Corinne Cahen Charles Goerens

E Programm, deen op 5 Sproochen, a « Leichter Sprache » an och an zwou Audio-Versiounen op www.dp.lu disponibel ass. Fir d’Corinne Cahen muss all Mënsch Accès zu deenen Informatiounen hunn. Mat esou enger Multitude u Sprooche géing d’DP eng gelieften Inclusioun praktizéieren.

Inklusiv Mesuren, wënscht sech och d’Monica Semedo. Z.B. misste Mesure gestäerkt ginn, fir vulnerabel Leit besser ënnert d’Ärem ze gräifen. Ma och déi digital Kompetenz an Europa muss ausgebaut ginn, esou d’Monica Semedo. Fir déi kommend Generatioune wënscht si sech gläichwäerteg Bildungschancen. Et géing drëms, fir Barrièren op deem Plang an Europa ofzeschafen. Dofir sollten z.B. d’Diplomer an d’Formatiounen EU-wäit unerkannt ginn. An der Santé stéing d’DP fir eng besser koordinéiert Zesummenaarbecht mat der Recherche. Esou kéinte Leit mat rare Krankheeten e besseren Zougang zu adequate Medikamenter kréien.

Fir de Charles Goerens sinn d’Wale vum 26. Mee existenziell fir d’Zukunft vun der EU. Et géing héich Zäit, datt Europa op internationalem Niveau endlech mat enger eenzeger Stëmm schwätze géing. Soss géingen eis Interessien an den grousse Froe vum 21. Joerhonnert ëmmer manner gehéiert ginn.

Eng kloer Sprooch verlaangt de Charles Goerens och beim Respekt vis-à-vis vun de Grondwäerter vun Europa. Esoulaang déi concernéiert Memberlänner (wéinst der Eestëmmegkeet) keng Géigemesure ze fäerte bräichten, géing sech hei näischt änneren. D’DP wier op alle Fall géint eng weider Erweiderung, esoulaang do näischt geschitt.

Schliisslech wier et néideg, fir méi Leit an Europa an d’Aarbecht ze kréien. Dofir wier et noutwenneg, fir d’Wirtschaft ze stäerken an dofir och de Bannemaart.

 


Corinne Cahen

Charles Goerens

[dp:member:7364:line-break]