Sie sind hier

« Keng Grenze fir d'Mënscherechter, d’Demokratie an den Rechtsstat »

News Außenpolitik Anne Brasseur

No 2 Joer Presidence vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot, ass der DP Deputéiert Anne Brasseur hiert Mandat den 25 Januar op en Enn gaangen.

Op hirer Bilanspressekonferenz haut an der Chamber huet d’Presidentin vun der APCE ënnerstrach datt et 2 schwiereg Joer fir d'Mënscherechter waren. Beispill d'Annexioun vun der Krim duerch Russland déi kloer géint Rechtsstatsprinzipien verstouss huet oder och nach de Krich a Syrien respektiv déi ganz Flüchtlingsproblematik.

Zënter dem 27 Januar 2014 huet d’Anne Brasseur sech dofir an méi ewéi 100 Reesen an 921 Entrevuen an Konferenzen onermiddlech géint den Haass, d’Intoleranz, den Extremismus an den Terrorismus agesat.

« D'Fräiheete musse gewanne, net den Terrorismus »

Fir d’Presidentin vun der APCE ass et wichteg datt d’Europa vun den 47 sech geschlosse fir eis gemeinsam Valeuren asetzt an d’Demokratie an d'Grondrechter op allen Niveau’en verteidegt fir zesumme géint Degradatioun vun den Mënscherechter ze kämpfen.

“Et waren 2 schwiereg, spannend an opreegend Joeren, déi awer eng grouss Beräicherung fir mech ware“, esou d’Anne Brasseur, déi weiderhin am Europarot aktiv bleift an sech als Ambassadrice vun der Campagne géint den Haass weider fir Toleranz, Mënscherechter an de Rechtsstat wäert staark maachen.

Weider Informatiounen

  • Anne Brasseur: «Pas de frontières pour les droits de l’homme, la démocratie et l’État de droit. Ni aujourd’hui. Ni demain» [méi...]
  • De Bilan a Biller [méi...]

Anne Brasseur