Sie sind hier

Plus 1 Congésdag. Plus 1 Feierdag: Sozial Errongenschafte nëmme méiglech, wann et der Ekonomie gutt geet

News Arbeit Familie Gesellschaft Carole Hartmann

An der Chamber huet eis Deputéiert Carole Hartmann dës Woch déi supplementär fräi Deeg begréisst, well besonnesch déi Leit profitéiere géingen, déi bis elo am wéinegste Congésdeeg haten.

D’DP wäert sech weider fir eng besser Conciliatioun vu Beruff a Famill asetzen, esou d’Carole Hartmann. D.h. fir eng Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten, wou den eenzele Salarié a säi Patron sech kënnen eens ginn, fir déi Zäite besser anzedeelen. An zwar esou, datt déi zwou Säiten eppes dovunner hunn: „Eng gerecht Aarbechtsopdeelung muss ëmmer e Win-win fir de Betrib a fir de Salarié duerstellen“.

Esou eng Reform géing awer op kee Fall d’Piliere vun de sozialen Acquisen (z.B. maximal Aarbechtszäit oder speziell Remuneratioune fir Feierdeeg a Sonndeger) a Fro stellen. D'Aféiere vun den Zäitspuerkonten, déi scho gestëmmt ginn ass, wier en éischte Schratt an dës Richtung. Et dierft awer net dobäi bleiwen.

Den Europadag vum 9. Mee, dee fir all Mënsch gëllt, géing ënnersträichen, wéi verbonnen d'Lëtzebuerger sech mat der Europäescher Unioun fillen: „Mir spieren eis carrement als Europäer“.

Déi 2 Deeg „sinn net gratis“, huet d’Carole Hartmann ënnerstrach. Dofir huet eis Deputéiert an deem Kontext och un déi steierlech Entlaaschtungen erënnert, déi fir d’Betriber geplangt sinn: „Sozialpolitik an aarbechtspolitesch Errongenschafte sinn nëmmen da méiglech, wann et eiser Ekonomie gutt geet“.

Dofir sollt d’Kompetitivitéit vun de Lëtzebuerger Betriber net aus den Ae verluer ginn, esou nach eis Ost-Deputéiert. Schliisslech wier dat steierlecht Ëmfeld nun eemol e wichtegen Deel vun der Wettbewerbsfäegkeet vun eisem Land.

 


Carole Hartmann