Sie sind hier

Keng Verlängerung an der Nospillzäit!

News Anne Daems

« Fir eng Metapher opzegräifen, déi an der Lescht oft benotzt gëtt, wann et ëm de Brexit geet: De Ball läit zanter e leschtem Freiden alt mol nees bei der Europäescher Unioun.

Ass si d’Accord oder net, fir de Briten d’Verlängerung bis den 30. Juni ze ginn, no där d’Madamm May e Freideg an hirem Bréif un de Rotspresident Donald Tusk gefrot huet?

Mir wësse jo alleguer, datt d’Matcher net ëmmer bannent der Reegelzäit gewonnen oder verluer ginn, ma et dacks eréischt an der Verlängerung zu enger Entscheedung kënnt. Et ass bis elo vill gepasst, feelgepasst, gedribbelt an Abseits gespillt ginn. Spiller si vum Terrain geflunn oder hu selwer Forfait erkläert, ma och wann elo jidderee sichtlech midd ass, ofgepaff ass nach ëmmer net.

Firwat ech där Meenung sinn, datt dat Spill elo muss op en Enn goen:

  1. Eng Verlängerung vum Delai, fir den Austrëtt bis den 30. Juni, géing heeschen, datt d’Brite musse fir d’Europawale wiele goen. Leit wéi de Nigel Farage waarden nëmmen op esou en absurde Moment an der Geschicht vun der EU. Wie géing sech fir esou eng Wal wëllen opstellen an e Pseudo-Walkampf maachen, wëssend, datt déi Gewielten et emol net géinge bis an déi éischt Sëtzung vum Europaparlament den 2. Juli zu Stroossbuerg packen?
  2. Wann d’Brite bis den 30. Juni den Accord awer nach net gestëmmt hätten, a si no enger weiderer Verlängerung géinge froen, da géingen déi gewielte britesch Deputéiert awer nach méi laang am Europaparlament, am Rot an an deenen aneren europäeschen Institutioune bleiwen an hätten also weiderhin e Matbestëmmungsrecht. Wéi absurd, a virun allem geféierlech, wier dat dann, wann d’Briten zum Beispill den nächste Budget 2021-2027 dierfte matdecidéieren, obwuel si an dee selwechten, no hirem Austrëtt, net méi wéilten abezuelen?
  3. Déi aner Memberstaaten, déi no de Walen e puer Sëtz bäikréie sollten, well si ënnerrepresentéiert sinn, kéinten des Sëtz eréischt anhuelen, wann d’Briten definitiv d’EU verlooss hunn. Dat hätt och en Afloss op d’Europawalen an deem jeeweilege Land.
  4. Den Dag no de Walen – sollten d’Briten net mat wiele goen – géif déi éischt Klo agereecht, well ee Land, dat nach Member vun der EU ass, keng Walen organiséiert huet, a soumat d’Bierger vun dësem Land hiert Walrecht net ausübe konnten. Dat selwecht kéint iwwregens dann och d’Walresultater an de anere 27 EU-Memberstaaten a Fro stellen.
  5. Stelle mir eis vir, d’Brite géingen no enger Verlängerung froen, déi iwwer den 30. Juni erausgeet, mam Argument, datt si des Zäit brauchen, fir en zweete Referendum z’organiséieren, a géingen och un de Wale fir d’Europaparlament deelhuelen. Da misst ee sech froen, wéi dëse Referendum des Kéier géing ausgoen. Wann des Kéier och vläicht méi Leit wiele géingen, sou ass dach awer net auszeschléissen, datt et nees zu engem knappe Resultat kéim, wann och eventuell fir de Verbleif an der EU. Wier dat méi de Wëlle vun de Wieler respektéiert, wann d’Regierung sech da géing fir de Verbleif decidéieren? A géing dat net och dem Ruff an der Kredibilitéit vun der EU schueden? Mir loossen ofstëmmen, bis datt d’Resultat passt, dat erënnert un 2008-2009, wéi de Vertrag vu Lissabon eréischt am zweeten Ulaf, a nodeems eng Rei Konzessioune gemaach goufen, vun den Iren bewëllegt ginn ass.  
  6. Géingen d’Brite schlussendlech awer decidéieren ze bleiwen, esou kann een dovun ausgoen, datt si do virdrun hir Premierministesch, respektiv där hir Nofolleg, op Bréissel schécke géingen, fir weider Virdeeler an Extrawurschten auszehandelen. Wann et iwwerhaapt am Brexit-Dossier ee positive Punkt ze fanne gëllt, sou ass et deen, datt déi EU-27 bis elo zesummenhalen an allgemeng vum Plang, dem britesche Beispill nozegoen an d’EU och ze verloossen, ofgesinn. Nei Konditioune géingen d’Positioun vun der EU schwächen, a géingen anere Memberstaaten eventuell souguer d’Iddi ginn, mam Austrëtt ze dreeën, fir selwer eng Extrawurscht auszehandelen.

Ech sinn där Meenung, datt d’Regëster all gezu goufen; déi giel an déi rout Kaarte sinn all verdeelt, an de Selbstgol ass och schonn am britesche Gol gelant, just huet den Arbitter e net gezielt.

Jo, et ass elo Zäit ze goen, béid Ekippe sollen déi kal Dusch iwwer sech ergoe loossen an dono, wa se frësch an ausgerout sinn, e neien Datum sichen, fir e Frëndschaftsmatch, wärend deem si sech lues a lues nees unenaner eruntaaschten, net un de Géigner, ma un de Frënd.

An dann ass ëmmer nach Zäit, wann déi zwou Ekippen sech eens sinn, e weidert Spill z’organiséieren, bei deem d’Briten, wee weess, am beschte Fall spéitstens no 90 Minutten, géinge feststellen, datt een dach awer sollt zesummen an enger Ekipp spillen, fir besser Chancë géint dee richtege Géigner ze hunn. »

Anne Daems

 


Anne Daems

AnhangGröße
PDF Icon 20190315_leserbrief_adaems.pdf4.11 MB