Sie sind hier

Joe Biden: Hoffnung, awer keng Wonner

News Tribune libre Außenpolitik Gusty Graas

Gudde Mëtteg,

De leschten 3. November war eng historesch Wal: d’Vereenegte Staate vun Amerika hunn en neie President gewielt. Historesch, well d’USA déi lescht 4 Joer ee President haten, dee virun allem duerch eng staark Polariséierung an d’Zerstéierung vu multilaterale Relatiounen opgefall ass. D’Hoffnung war op ville Plaze vun der Welt grouss, datt den Donald Trump géing ofgeléist ginn. Déi Hoffnung huet sech glécklecherweis erfëllt.

D’DP ass frou iwwert den Ausgang vun dëse Walen a wënscht dem Joe Biden – a senger designéierter Vize-Presidentin Kamala Harris – eng glécklech Hand an dëse schwéieren Zäiten. Schonn an der Walnuecht huet den Donald Trump emol méi säi richtegt Gesiicht gewisen. Inakzeptabel ware seng Aussoen, wéi hie vu Walbedruch geschwat huet a sech schonn als Vainqueur deklaréiert hat. An elo, bal 14 Deeg no de Walen, fënnt den amtéierende President et net fir néideg, seng Defaite unzëerkennen. Et ass just ze hoffen, datt sech gewiichteg Stëmmen an der Republikanescher Partei bemierkbar maachen an dem Här Trump ze verstoe ginn, datt hie sech soll zréckzéien.

Den Joe Biden sengersäits huet mat sengen éischten Deklaratioune scho bewisen, datt hien d’Statur fir de Poste vum President an den USA huet. Hie wëll sech jo och direkt ëm d’Covid-Pandemie bekëmmeren.

Léif Nolauschterer,

Wat kann een sech dann elo vun engem neie President Joe Biden erwaarden? Sécher, den Toun wäert méi ziviliséiert ginn a gestéiert Relatioune wäerten een neien Ufank huelen. Mä et däerf een sech och net all Wonner erwaarden. Den Trump hat den Nol esou déif ageschloen, datt de Biden et ganz schwéier kritt, fir en nees eraus ze zéien. Do wou de Barack Obama 2016 opgehalen hat, komme mir an de nächste 4 Joer net zeréck. Aus der Siicht vun der Europäescher Unioun kann et nëmme besser ginn. Déi Humiliatioun vum amerikanesche President mat sengem Slogan America first ass eriwwer, och wann an de Käpp vu villen Amerikaner dëse Slogan nach déif verwuerzelt bleift.

De Biden hat jo scho virun de Walen ugekënnegt, datt hie séier wéilt de Kontakt mat der Europäescher Unioun sichen. Vum neien US-President erwaart een och, datt säi Land nees am Klimaschutz ee verlässleche Partner gëtt an d’Paräisser Ofkommes nees respektéieren dierft. Mat him misst och eng nei Noostpolitik kommen.

Et däerf een awer net esou naiv sinn a mengen, mam Demokrat géing elo alles direkt besser. Et wäerten och weiderhin a verschidden Domänen Differenze bestoe bleiwen. Ech denken zum Beispill un d’Relatioun mat China. Ech denken awer och un d’Sécherheetspolitik. Och wann den neie President sech méi kloer zur NATO bekennt, esou wäert awer och hien d’Fuerderung no enger méi héiger finanzieller Participatioun vun de Memberstaaten erneieren.

Mä egal wéi, mam Jo Biden, an do sinn ech mir sécher, kënnt eng méi ziviliséiert politesch Kultur op d’Weltbün zréck, an dat ass de Garant fir och méi ee friddlecht Zesummeliewen op dësem Planéit.

Ech soen iech Merci fir d’Nolauschteren.

 


Gusty Graas

AnhangGröße
Audio Icon 20201116_ggraas_tribunes_libre.mp37.32 MB