Sie sind hier

Ausbau vun der Stater Gare

News Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Op der Stater Gare kommen zwee Quaie bäi, dat ass en Dënschdeg an der Chamber decidéiert ginn. Déi nei Quaie V a VI kommen dohinner, wou fréier d’Ateliere vun der CFL stoungen, déi jo Enn vum leschte Joer ofgerappt gi sinn.

Domat soll d’Kapassitéit vun der Gare erhéicht ginn, fir net nëmmen d’Pünktlechkeet vun den Zich ze verbesseren, mee och fir d’Offer vun de Verbindungen auszebauen. Den Ament musse jo vill Zich waarden, ier se kënnen an d’Gare erafueren, well et dacks zu engem Enkpass virun der Stater Gare kënnt. Dat ass eng Haaptursaach fir déi aktuell Verspéidunge vun den Zich.

Den Ausbau vun der Gare stellt domat e strategesch wichtegt Puzzelstéck am Kader vum konsequenten Ausbau vum ëffentlechen Transport duer, a verbessert d’Flexibilitéit an d’Attraktivitéit vun der Schinn.

Fir den DP-Deputéierten Gusty Graas ass den Ausbau dowéinst e Kärstéck, fir déi aktuell schwiereg Situatioun am Zuchverkéier ze entschäerfen.

2019 soll den éischten neie Quai a Betrib goen, 2021 den zweeten. De Projet soll ronn 171 Milliounen Euro kaschten.


Gusty Graas