Sie sind hier

Consultatiounsdebatt an der Chamber: Gläichheet vu Fra a Mann ass e Grondrecht

News Gesellschaft Gilles Baum

Eisen Deputéierte Gilles Baum huet gëscht a senger Interventioun virop ënnerstrach, datt d’Gläichheet tëscht Fra a Mann zu Lëtzebuerg e Grondrecht ass. An d’Basis fir eng fräi an nohalteg Gesellschaft.

Eng Demokratie, e Rechtsstaat, kéint ouni dës Egalitéit net funktionéieren: „an et ass eis Flicht dofir ze suergen, datt déi Chancëgläichheet fonctionnéiert“.

An de leschte Joren hätt et an der Chancëgläichheet rasant Verännerunge ginn. Dat sollt awer kee Virwand sinn, fir an Zukunft net op deem Wee virun ze goen, esou de Gilles Baum: „Neen, mir musse weider all Efforte maachen, fir méi Gläichberechtegung!“.

Déi Entwécklung kéint just glécken, wa sech déi ganz Gesellschaft dorunner bedeelegt. Dobäi géing de Staat mat all sengen Acteuren eng entscheedend Roll spillen.

Esou misst déi dacks psychesch Ofhängegkeet mam Täter am Fall vun häuslecher Gewalt gebrach ginn, fir et de Fraen z’erlaben nees op eegene Been kënnen ze stoen, fir neméi an déi Gewaltspiral zeréck ze falen. Foyersplaze misste garantéiert ginn an do wieren och d’Gemenge gefuerdert.

A selbstverständlech misst dofir gesuergt ginn, datt d’Gläichheet vun de Paien endlech iwwerall Realitéit gëtt.

 


Gilles Baum