Sie sind hier

Reorganisatioun vun der Ëmweltverwaltung

News Landesplanung und Wohnen Max Hahn

No Auditen an intensive Gespréicher mat de Responsabelen an de Mataarbechter, gëtt d'Ëmweltverwaltung elo nei organiséiert, dat fir méi flexibel ze sinn a fir nach méi kohärent schaffen ze kënnen. De Max Hahn begréisst et, dass des staatlech Administratioun mat der Zäit geet. Hie preziséiert: „Als DP sti mir fir e Staat, deen am Déngscht vum Bierger steet, e Staat dee mat der Zäit geet fir seng Ressourcen optimal ze notzen, kuerz: e Staat, dee fonctionnéiert.

De Max Hahn huet awer och nach insistéiert, dass hien sech erwaart dass d'Ëmweltverwaltung sech méi aktiv abréngt, dat si Léisungsusätz zesumme mat den concernéierten Akteuren ausschafft an esou eng nei Dynamik an d'Landesplanung bréngt. „D'Friichte vun dëser Reform muss een spéider um Terrain gesinn, dorunner muss een sech moosse loossen! Ech erwaarde mir, dat d'Ëmweltverwaltung an Zukunft manner mam béise Fanger weist an dofir méi Beroder a Partner vun de Leit, de Gemengen, an de Betriber gëtt.“ 

Wann een interessant Projet'en ëmsetze wëll, op dat elo ass fir méi Wunnraum ze schafen oder fir d’Mobilitéit ze förderen, da mussen  déi eenzel Instanze bei der Ëmsetzung zesummeschaffen. Wann déi staatlech Akteuren Hand an Hand schaffen, kann een ganz vill erreechen!

Max Hahn