Sie sind hier

Zivil Hochzäiten och baussent de Gemenge méiglech maachen

News Tribune libre Familie Max Hahn

Léif Nolauschterer,

Gehéiert dir eigentlech zur där ëmmer méi seelener Zort Mënschen, déi bestuet sinn? Wa jo, da wësst dir bestëmmt nach, wou dir iech fir d’éischt als frësch gebaake bestuete Koppel gekësst hutt?

Ech kann iech déi Fro beäntwerten: an engem méi oder manner flotte Gemengesall, virun engem méi oder manner motivéierte Gemengevertrieder.

Esou gesäit et eise Code civil de Moment nach vir: déi zivil Hochzäit muss um offizielle Sëtz vun der Gemeng stattfannen.

Dat heescht, de wichtegsten Ament um „schéinsten Dag an hirem Liewen“ erliewe vill Koppelen am leider oft langweilege Kader vun eise kommunale Verwaltungen.

Also Nix mat enger Dram-Zeremonie op enger Buerg, an engem aussergewéinlech schéine Sall oder ganz einfach dobaussen an der Natur.

An dat ass immens schued, well et gëtt sech nees méi bestuet zu Lëtzebuerg.

2017 waren et knapps 2 000 Koppelen, déi sech d’Jo-Wuert op der Gemeng ginn hunn. D'Aféierung vum PACS ass also net den Ausverkaf vum Bestietnis, wéi deemools Verschiddener gemengt haten.

Well d’Zuele schwätzen eng aner Sprooch. De PACS ass fir vill Leit esouguer zu enger Zort Test-Bestietnis ginn.

Et ass mir a menger Partei, der DP, scho méi laang en Uleies, fir d’Politik nees méi mat der Realitéit vun de Bierger ze verknäppen. An enger moderner Gesellschaft sollten d’Mënschen, déi sech wëlle bestueden, dat och kënnen op eng méi individuell a perséinlech Manéier maachen.

Ech hat schonn dat lescht Joer eng Initiativ lancéiert, fir d'Ofhale vun zivillen Zeremonien, an dozou gehéieren nieft de Hochzäiten och Begriefnisser, ausserhalb vum Gemengenhaus ze erlaben. Dës Iddi huet et an de Walprogramm vu menger Partei an duerno och an de Regierungsprogramm gepackt.

Dat nächst Joer soll en entspriechend Gesetz op de Wee kommen, dat huet mir d'Inneministesch op meng parlamentaresch Ufro geäntwert. 

Dat freet mech. A besonnesch freeën ech mech fir all déi Koppelen, déi sech dono kënnen op enger flotter a perséinlecher Plaz bestueden, wäit ewech vun der éischter offizieller Atmosphär an enger Märei.

Dëst besonnesch, well ëmmer méi Koppele sech géint eng reliéis Zeremonie entscheeden an awer net op de feierleche Charakter vun enger richteger Zeremonie wëlle verzichten.

Fir dass dat kloer ass: Et geet hei net drëms, déi Leit, déi sech an der Kierch bestueden, géint déi Leit auszespillen, déi sech fir en ziville Mariage entscheeden. Jidderee soll dee wichtege Schrëtt am Liewen op seng eege Manéier feieren.

Déi geplangte Gesetzesännerung ass éischter e Schrëtt a Richtung Gläichbehandlung. Esou wéi a Frankräich an an Däitschland, wou et déi sougenannte „mariages en dehors de la mairie“ oder „ambiente Hochzeiten“ scho méi laang gëtt.

An et geet jo och net just em eng „besser“ oder  em eng „méi prestigiéis“ Plaz, mee och em d’Dekoratioun, villäicht Live-Musek oder ganz einfach fir d’Zeremonie op enger Plaz mat der Receptioun a mam Iessen ze verbannen.

Et geet drëm, fir de Leit d’Liewe méi einfach a méi flott ze maachen a fir de legislative Kader der Zäit vun haut beschtméiglech unzepassen.

Léif Nolauschterer,

Traditioune sinn nëmme lieweg, esoulaang se reegelméisseg der Realitéit vun der Gesellschaft ugepasst ginn. Dat maache mir elo an dat ass gutt esou!

Ech soen iech Merci fir d’Nolauschteren.