Sie sind hier

Mediepluralismus fir eng staark Demokratie: Qualitéitsjournalismus fërderen, „Fake News“ bekämpfen!

News Medien und ICT Eugène Berger Xavier Bettel

Déi nei Méiglechkeeten, déi d’Digitaliséierung mat sech brénge sinn eng Chance a gläichzäiteg eng Erausfuerderung“, esou de Premier-a  Medieminister Xavier Bettel en Dënschden an der Chamber, dee bei den Erausfuerderunge virun allem un déi sougenannte „Fake News“ denkt, déi een ëmmer méi op de soziale Medie begéint. „D’sozial Netzwierker hunn eng Dynamik entwéckelt, déi keng Plaz méi léisst fir e Faktencheck. D’Sensatiounsgier steet vill ze oft virun der Wourecht“, constatéiert och den Eugène Berger a senger Ried an där hie virun allem d’Bedreiwer vun de concernéierte Plattformen an d’Verantwortung hëlt.

Mir mussen derfir suergen, dass d’Bierger vun dësem Land, dass d’Consommateure vun der professioneller Presse kloer erkennen, dass et sech ëm eng qualitativ héichwäerteg Berichterstattung handelt. Dofir wëlle mir eng national Strategie lancéiere fir Medienverständnis a fir d’Stäerke vun der professioneller Press“, kënnegt de Xavier Bettel un. Dem Eugène Berger ass et an deem Kontext wichteg, datt besonnesch d’Kanner sech an de Schoule méi mat der Digitaliséierung vun de Noriichten ausernaner setze kënnen.

D’Regierung well garantéieren, dass déi professionell Press zu Lëtzebuerg staark bleift: „D’Promotioun vun der geschriwwener Press, déi sougenannten Aide à la presse, de Service Public fir Radio an Tëlee si keen Nice to hace a keng Optioun, mä eng Noutwennegkeet“, seet de Xavier Bettel. D’Regierung huet sech dofir net nëmmen kloer hannert dee System gestallt, mee dësen och erweidert duerch d’Aféiere vun enger zousätzlecher Ënnerstëtzung fir déi professionell Onlinepress.

De Premier huet dann och ugekënnegt, datt dëse System vun der Pressehëllef wieder reforméiert an adaptéiert wäert ginn, fir dann en och deenen neien Erausfuerderunge gerecht gëtt: „Mir schaffen un enger Reform, déi als Zil huet fir déi klassesch Pressehëllef an d’Onlinepressehëllef zesummenzeféieren.

Wéi wichteg d’Pressefräiheet fir e Land a seng Demokratie ass, mierkt een eréicht, wann d’Pressefräiheet net méi do ass. Den Eugène Berger verweist op d’Zoustänn an der Tierkei a rifft an deem Kontext dozou op, datt déi 150 inhaftéiert Journalisten an der Tierkei endlech solle fräigelooss ginn.

 

 


Xavier Bettel

Eugène Berger