Sie sind hier

D’A3 gëtt op dräi Spueren erweidert

News Mobilität und Verkehr Gusty Graas

Den Donneschden huet d’Chamber den Ok gi fir de Gesetzesprojet 7144 zum Ausbau vun der A3. Domat gëtt elo dat ëmgesat, wouriwwer schonn zënter 27 Joer ëmmer erëm reegelméisseg diskutéiert ginn ass. De Projet, deen 356 Milliounen Euro kaschten a bannent siwe Joer fäerdeg si soll, beschränkt sech awer net just drop, d’A3 vun der franséischer Grenz bis bei d’Gasperecherkräiz op zweemol dräi Bunnen auszebauen. E gesäit och vir, déi ganz Streck no engem kohärente Mobilitéitskonzept nei ze amenagéieren.

Mat engem Duerchschnëtt vu 70 000 Gefierer den Dag ass d’A3 effektiv eng vun den zentralen Autobunnen am Land. Zum enge läit dat dorun, dass et natierlech d’Haaptroute fir d’Frontalieren, déi aus Frankräich kommen, ass, zum anere leien awer och de Logistikzenter vun Diddeleng a Beetebuerg, an déi multimodal Gare vun der CFL direkt donieft, wouduerch d’A3 den Haaptuschlosspunkt un d’Stroossennetz duerstellt.

Den Ausbau vun der Autobunn soll deemno virun allem d’Niewestroossen entlaaschten, duerch de Reamenagement vum Beetebuergerkräiz a vun den Echangeure Léiweng an Diddeleng soll awer och d’Infrastruktur ugepasst ginn, fir de Logistikzenter an déi multimodal Gare besser un de Stroossereseau unzebannen. D’Aarbechten un der Diddelenger Brëttell bidden donieft d’Geleeënheet fir e Pôle d’échange mat Parking ze bauen an op dës Manéier déi nohalteg Mobilitéit ze fërderen.

An deem Sënn soll ebe just net nëmmen Autobunn gebaut ginn. Wéi den DP-Deputéierte Gusty Grass präziséiert huet, ass d’Wierkung vum Ausbau op dräi Spueren eleng éischter begrenzt, wann en net vun anere Mesuren, déi déi alternativ Mobilitéit encouragéieren, begleet gëtt. Aus deem Grond huet de Gusty Graas gefuerdert d’Propose, op der drëtter Spuer zu de Spëtzenzäiten nëmmen den ëffentlechen Transport an de Covoiturage ze erlaben, déi aktuell an der Diskussioun ass, och effektiv ëmzesetzen.

Donieft huet hie virun allem op déi zousätzlech Belaaschtung vu Mënsch an Natur higewisen, déi eng drëtt Spur mat sech bréngt:

„Méi Verkéier bedeit och automatesch méi Kaméidi. Et ass dowéinst ze begréissen, datt dem Lärmschutz an dësem Projet eng gréisser Opmierksamkeet geschenkt gëtt, mee eiser Meenung no missten nach zousätzlech Efforte gemaach ginn.“

D’Zoustëmmung vum liberalen Deputéierte fannen iwwerdeems och di aner Mesuren zugonschte vum Naturschutz:

„Een aneren ekologesche Problem ass natierlech de Volet Waasser. Dofir begréisse mir als DP datt véier zousätzlech Reenréckhaltebecken an een neit Kanalnetz virgesi sinn. Wa mir scho beim Waasser si muss een awer och op d’Aire de Berchem ze schwätze komme wou et jo schonn zënter Jore seriö Problemer mam Ofwaasser ginn.“

Dowéinst wier ze hoffen, dass sech an den nächste Joren och an deem Beräich eppes deet.

Zu gudder Lescht solle laut dem Gesetzesprojet och eng Rei Wëldbrécke gebaut ginn. Domat soll eppes géint d’Fragmentatioun vun de Bëscher an Europa, un déi an den 80er, wou d’A3 gebaut ginn ass, nach kee geduecht huet, ënnerholl ginn. Gläichzäiteg si Kompensatiounsmesurë fir déi Biotope laanscht d’Autobunn, déi duerch d’Aarbechte futti gemaach ginn, virgesinn.

 

Ried vum Gusty Graas

 


Gusty Graas