Sie sind hier

„D'Zukunft kann een net viraussoen, mee et kann een se preparéieren“

News Lag vun der Natioun Arbeit Bildung Familie Landesplanung und Wohnen

D’Zukunft preparéieren, dat ass d'Regierung säit dräi Joer konsequent amgaangen“, esou den Eugène Berger an senger Ried zur Lag vun der Natioun. Beispiller dofir ginn et vill, ob de verbesserte Congé parental oder d'Steiermesuren am Logement, d'DP gëtt Äntwerten op d'Besoine vun de Leit.

Den Eugène Berger huet awer och betount, datt et net duer geet positiv Zuelen ze schreiwen, wann d'Leit, déi fir de wirtschaftlechen Erfolleg schaffen, net och vum Opschwong profitéiere kënnen. Et geet net duer nei Aarbechtsplazen ze schafen, wa net och eis jonk Leit eng Qualifikatioun kréien, déi et hinnen erlaabt, déi Plazen ze besetzen. Dofir huet hie besonnesch d'Steierreform an déi vill Efforte vun der Regierung am Schoulsystem gelueft, ewéi déi nei informatesch Sektioun I am Lycée classique.

Him ass awer och opgefall, datt d'Oppositiounsparteien net nëmmen d'Land méi schlecht rieden ewéi et ass, mee der Regierungspolitik och näischt entgéint ze setzen hunn. Grad an der Familljepolitik zeechent eng CSV sech nämlech doduercher aus géint all Fortschrëtt ze sinn: „Eng CSV fënnt de Montant vum Congé parental ze héich, d'gratis Kannerbetreiung wëll si réckgängeg maachen, d'Qualitéitskriterien an der Kannerbetreiung hunn si net mat gestëmmt an si hunn och géint d'Steiererliichterunge fir d'Privatleit, déi grad jonke Familljen ze gutt kommen, gestëmmt. Dat sinn alles Positioune géint d'Famill.“

Ofschléissend huet de Fraktiounspresident vun der DP betount, datt d'Politik vun der DP drop ausgeriicht ass, fir datt jiddereen hei am Land déi selwecht Zukunftschancë gebuede kritt an datt et dem Land och nach muer an iwwermuer gutt geet.

 

 

 

 

view video on chd.lu


Ried vum Eugène Berger

 


Eugène Berger