Sie sind hier
Regional Direktiounen a besser Betreiung vu Kanner mat spezifesche Besoinen
Am Regierungsprogramm gouf grousse Wäert op d’Qualitéit an op eng verbessert Organisatioun vun eise Grondschoule geluecht. A sengem Rapport huet den DP-Deputéierte Lex Delles der Chamber déi eenzel Mesurë virgestallt.
Regional Direktiounen
Mam gestëmmte Gesetz gouf den aktuelle Modell vum Inspektorat iwwerduecht. Déi 20 Arrondissementer ginn duerch 15 regional Direktiounen ersat. An all Regioun wäert dann, ofhängeg vun der Gréisst an dem Besoin vun den eenzele Regiounen, all Direktiounsekipp aus engem Direkter an aus 2 bis 4 Directeurs adjoints bestoen.
Besonnesch no der Reform vun 2009 sinn d’Responsabilitéite vun den Inspekteren an den Himmel geschoss. „D’Regierung mécht dowéinst aus dësem Eenzelkämpfer eng Ekipp. Eng Ekipp aus 2 bis 5 Leit, déi sech zesummen a mat enger klorer Aufgabeverdeelung besser kann ëm d’Kanner aus hirer jeeweileger Regioun këmmeren“, esou de Claude Lamberty.
Besser Betreiung vu Kanner mat spezifesche Besoinen
An dësen Direktiounen ass ëmmer een Directeur adjoint responsabel fir d’Kanner, déi aus der jeeweileger Regioun spezifesch Besoinen hunn an déi am normale Schoulrhythmus Schwieregkeeten hunn nozekommen. Allgemeng kann ee soen datt d'Betreiung vu Kanner mat Léierschwieregkeeten, d’Verhalensopfällegkeeten oder soss spezifesch Besoinen ee weidere Kärpunkt vun dëser Reform duerstellt an dat esouwuel op lokalem, ewéi och op regionalem Niveau.
Op lokalem Niveau wäerten an deem Sënn iwwer déi nächst 4 Joer ganzer 150 sougenannt Instituteurs spécialisés dans la scolarisation des élèves à besoins éducatifs particuliers ou spécifiques, oder kuerz I-EBS agestallt ginn.
Op regionalem Niveau kommen dann d’Equipes de soutien des élèves à besoins spécifiques ou particuliers an d’Spill. Ënnert der Responsabilitéit vum Sous-Directeur aus der jeeweileger Regioun, këmmeren si sech ëm Kanner deenen net ka genuch an de Schoule gehollef ginn.
Ried vum Lex Delles
Ried vum Claude Lamberty