Sie sind hier

Interpellatioun zur Sécherheet zu Lëtzebuerg

News Justiz und Sicherheit Max Hahn

Gëschter hunn d'Deputéierten an der Chamber iwwert d'Sécherheet hei am Land geschwat. Den DP-Deputéierte Max Hahn huet drop verwisen, dass et wichteg ass, de Suerge vun de Leit Rechnung ze droen.

Sécherheet als Aufgab vum Staat

Et ass eng Käraufgab vum Staat d’Sécherheet vu senge Bierger ze garantéieren. Wien vu Sécherheet schwätzt, schwätzt awer och vu Fräiheet a Biergerrechter. Et ass d’Aufgab vun der Politik dat richtegt Gläichgewiicht tëschent dëse Wäerter ze fannen. An dëst grad och an Zäite wou d’Onsécherheetsgefill bei de Leit zouhëlt. An och wa Lëtzebuerg a seng gréisser Stied net méi oder manner geféierlech si wéi aner vergläichbar Stied aus der Groussregioun, ass awer dat subjektiv Sécherheetsgefill vun de Leit ganz eescht ze huelen.

Gutt Usätz bei der Police

Déi néideg Mëttelen hu mir eis schonn zum Deel ginn. Eng verstäerkte Policepräsenz um Terrain a grouss ugeluechte Razzien hunn hir Friichte gedroen, an d’Situatioun huet sech och berouegt. Wat d’Stad betrefft, ass de Commissariat de Proximité an der Glesener Strooss och nees opgaangen, an dat mat méi Personal. Fir e flächendeckenden Asaz garantéieren ze kënnen, musse méi Polizisten an de Garer Quartier detachéiert ginn, wéi dat bis elo de Fall ass. Och an Zukunft mussen ëmmer erëm an ëmmer erëm geziilte Razzie géint dës organiséiert Banden déi am Drogen- a Mënschenhandel aktiv sinn, duerchgezu ginn ! Si solle spieren, datt se net a Rou gelooss ginn, an datt mir hirt Wierken net toleréieren!

De "Platzverweis": e méiglech en Outil

Meng Fraktioun ass sech bewosst, datt dës Policekompetenz ëmmer nees fir kontrovers Diskussioune suergt. Mir denken awer, datt de Platzverweis der Police géif hëllefen a brenzelege Situatiounen den Iwwerbléck ze behalen an d’Sécherheet vun den Awunner an de Geschäftsleit ze garantéieren. Grad och Erfahrungen am Ausland, beispillsweis zu München weisen, datt de Platzverweis e ganz efficact Mëttel ass.

Heescherei: eng Aarbecht um Terrain

D’Politik däerf net zouloossen, dass déi negativ Konsequenzen en alldeeglechen Impakt op déi aner Bierger hunn, sief dat d’Geschäftsleit, d’Leit, déi hir Akeef maachen, oder d’Touristen. D’Instrument vum Platzverweis géif hei scho ganz vill hëllefen. Kloer muss een hei ënnerscheeden tëschent organiséierte kriminelle Banden an Heeschterten, déi op der Strooss liewen. Et gëtt eng gesetzlech Basis déi der Justiz an der Police gewësse Mëttele gëtt, wann de Verdacht besteet datt hannert der Heescherei Mënschenhandel besteet ! Mee d’Aarbecht um Terrain ass net esou evident wéi et am Gesetz virgesinn ass : D’Enquêten dauere Méint an et ass een op international Kooperatioun ugewise fir Reseauen opzedecken. Mee mir duerfen eis och näischt virmaachen : déi organiséiert Heescherei ass Realitéit zu Lëtzebuerg. Vun Hannermänner ginn déi Leit all Moies zesummen op Lëtzebuerg geschéckt fir ze heeschen.

En Zesummespill vun eenzele Mesuren

Et gëtt net eng eenzeg Mesure mat der een d’Kriminalitéit reduzéiere ka mee et ass villméi en Zesummespill vun eenzele Mesuren, ech denken  do ënnert anerem un de Plazverweis, un d’Erweiderung vun de Kompetenze vun den Agents municipaux an un d’Iwwerdenke vun eiser repressiver Drogepolitik.

view video on chd.lu


Ried vum Max Hahn

 


Max Hahn