Sie sind hier

REVIS/Mindestloun: Sozialpolitik, do wou se gebraucht gëtt

News Arbeit Gesellschaft Max Hahn Carole Hartmann

Zwou wichteg sozial-politesch Upassungen, gouf et dës Woch an der Chamber, déi de REVIS an de Mindestloun betraff hunn. D’DP ënnerstëtzt déi Erhéijungen, well se wichteg fir déi sozial Gerechtegkeet sinn a well se och bei deene Mënschen ukommen, déi se am meeschten néideg hunn.

De REVIS ass erwisenermoossen dat lescht Opfangnetz, fir déi Leit, déi am schlechtsten dru sinn an eiser Gesellschaft. D’Betreiungsstrukturen an de finanzielle Support sollen hinnen hëllefen, fir erëm eng Aarbecht ze kréien an onofhängeg vum Staat ze ginn.

De STATEC schreift an engem Rapport, datt de REVIS „remarquablement bien“ dofir suergt, datt d’Leit net ënnert den Niveau vun der absoluter Aarmut falen.

Fir eisen Deputéierte Max Hahn ass een sech eens, „datt dat gutt investéiert Sue sinn, fir déi Vulnerabelst an eiser Gesellschaft z’ënnerstëtzen“. Hien huet och dorunner erënnert, datt an de leschte Joren eng ganz Partie Sachleeschtungen an deem Beräich agefouert gi sinn : Allocation de vie chère, gratis Schoulbicher am Secondaire, gratis Kannerbetreiung, Subvention loyer, gratis ëffentlechen Transport, …

Déi Sachleeschtungen hëllefe virun allem Famillje mat Kanner a Monopartentauxen. Et sinn nämlech si, déi am meeschte vum Aarmutsrisiko betraff sinn.

D’DP ënnerstëtzt och d’Upassung vu Mindestloun an ënnersträicht dobäi de Fait, datt déi lescht 3 Upassungen zu zwee Drëttel vum Staat gedroe ginn, fir d’Ekonomie net onnéideg ze belaaschten.

D’Carole Hartmann huet d’Ënnerstëtzung vun der DP fir déi Hausse confirméiert. Eis Deputéiert huet awer dorobber opmierksam gemaach, datt d’Betriber sech en héije Mindestloun och musse leeschte kënnen: “Deen Ament, wou dat neméi de Fall ass, ginn Aarbechtsplazen ofgebaut an dann hu mir deene Leit, deene mir eigentlech hëllefe wollten, keen Déngscht geleescht.

Dofir och déi sëlleche Mesuren, déi en faveur vun der Kompetitivitéit geholl gesi ginn, fir datt d’Betriber kënne mat der Konkurrenz aus dem Ausland mathalen a weider kënne gutt Salairen un hir Beschäftegt bezuelen.

 


Max Hahn

Carole Hartmann