Sie sind hier

Grouss Zoustëmmung fir familljen- a bildungsfrëndlech DP-Politik

News Eugène Berger

D’DP huet e Sondage iwwer eng Partie rezent Mesurë gemaach, déi d’Familljen zu Lëtzebuerg betreffen. Moossname fir méi finanziell Entlaaschtung, méi Qualitéit an der Betreiung an an der Bildung a fir méi Zäit fir d’Famill. Fir d’DP sinn dat déi dräi grouss Sailen, mat deenen d’Zukunftschance vun de Kanner hei am Land kënne verbessert ginn.

D’Ëmfro weist e grousse Support fir déi Politik. Esou ënnerstëtze 84% vun de befrote Lëtzebuerger d’Steiererliichterunge fir d’Familljen, déi zanter dësem Joer a Kraaft sinn. 77% iwwerdeems fannen et gutt, datt d’Eltere gehollef kréien, fir Beruff a Famill besser ënner een Hutt ze kréien. D’Leit wëllen dofir méi Zäit an och méi Flexibilitéit. An dësem Beräich ass d’Politik awer net eleng gefuerdert. Och d’Wirtschaft an d’Gesellschaft mussen hir Responsabilitéit iwwerhuelen. An d’DP wäert dee Prozess aktiv ënnerstëtzen.

Den Zousproch an der Ëmfro weist, datt d’DP-Politik an dëse Beräicher der Realitéit um Terrain Rechnung dréit an datt se dorobber ausgeriicht ass, fir d’Kanner beschtméiglech op hir Zukunft virzebereeden.

D’DP wëll mat hirem Sondage de Suivi bei de Leit maachen, d.h. kucken, ob d’Mesuren och wierklech gräifen.

Interessant an deem Kontext, datt gutt 60% vun de Leit déi méisproocheg Fréifërderung fir d'Kanner gutt fannen.

Aner Mesure mat enger héiger Akzeptanz, sinn den neie Pappecongé(80%) an de reforméierte Congéparental (79%).

De ganzen Detail vum Sondage [méi...]

AnhangGröße
PDF Icon TNS Ilres Sondage November 2017.pdf461.2 KB