Sie sind hier

Dës Rentrée steet am Zeeche vun Neierungen, déi ganz konkret an de Schoulen ukommen

News Bildung Claude Meisch

No senger offizieller Pressekonferenz zur Rentrée 2016/2017, war den Educatiounsminister Claude Meisch um Plateau vu RTL TéléLëtzebuerg fir iwwer d'Neierungen ze schwätzen, déi mat dëser Rentrée a Kraaft trieden.

De Minister ass ënner anerem op den neie Wäerterunterrecht "Vie et société" agaangen, deen dëst Joer am Secondaire an d'nächst Joer am Fondamental agefouert gëtt. Dësen neie Cours soll d’Schüler an Zukunft an de Mëttelpunkt stellen, a Wäerter ewéi Toleranz a Respekt vermëttelen. D’Wëssen iwwert déi verschidde Liewensastellungen, Kulturen a Relioune sollen d’Basis fir ee friddlecht Zesummeliewe an onser multikultureller Gesellschaft duerstellen.

"Et ass eis wichteg den Elteren eng Stëmm ze ginn"

Och huet de Minister ënnerstrach wéi wichteg et ass, datt d'Eltere méi mat an d'Schoulwiesen agebonne ginn. Dofir gëtt zum Beispill eng Elterevertriedung um nationalen Niveau geschafft, déi d’Interesse vun den Elteren an hire Kanner besser kann vertrieden, an als een Uspriechpartner soll déngen. An dem Kontext ass och déi nei Orientéierungsprozedur am Fondamental ze verstoen, déi den Dialog mat den Elteren an de Virdergrond stellt fir zesummen déi beschtméiglechst Léisung fir d’Kanner ze fannen.

 


Claude Meisch