Sie sind hier

Fir Lëtzebuerg: Eng Politik fir d’Leit

News Marc Ruppert Corinne Cahen Eugène Berger Xavier Bettel

Dëse Sonnden huet d'DP hire Kongress zu Bouneweg ofgehalen, dat ënnert dem Motto „Fir Lëtzebuerg“. A Präsenz vu ronn 300 Memberen huet Parteipresidentin Corinne Cahen drop verwisen, dass et der Demokratescher Partei ëm politesch Inhalter geet an dorëmmer gemeinsam d’Zukunft vun eisem Land ze preparéieren. Och den Asaz fir eis gemeinsamer Wäerter huet d’DP-Presidentin ervir gehuewen. Sief et an der Regierung, an der Chamber oder an der Partei, d'Handschrëft vun der DP weist sech iwwerall do, wou et drëms geet d'Zukunft vu Lëtzebuerg elo scho virzebereeden.

De Generalsekretär Marc Ruppert huet nach eng Kéier ënnerstrach, dass et der DP bannent kuerzer Zäit gelongen ass, Problemer vun eisem Land a vu senge Leit unzepaken, a konkret Projet'en op den Instanzewee ze bréngen. Hien huet sech dofir och optimistesch fir Zukunft vu Lëtzebuerg gewisen, dat well scho vill gutt Iddi'en vun der Demokratescher Partei ëmgesat goufen, an nach wäerte ginn.

De Premier Xavier Bettel huet als Beispill d'Steierreform genannt, eng verstänneg Reform bei där déi liberal Wäerter vu Gerechtegkeet, Solidaritéit a Selektivitéit am Mëttelpunkt stinn. De Premier huet och betount, datt d’DP fir eng Politik steet, déi no vir kuckt an eist Land op Zukunft preparéiert, eng Politik déi Zukunftschancë fir eis Kanner schaaft.

De Fraktiounspresident Eugène Berger huet dorobber verwisen, dass DP scho vill vun hirem Programm ëmgesat huet, an net midd gëtt och an der zweeter Halschent vun der Legislaturperiod der Politik hire Stempel opzedrécken. D’DP ass der Iwwerzeegung, dass de Mënsch am Mëttelpunkt stoe muss, an dofir iwwerhëlt si weider Verantwortung andeem se d'Leit do ënnerstëtze wou et néideg ass.

D’DP wäert déi nächst 2 an halleft Joer vun der Legislatur mat vill Energie ugoen, fir konsequent weider eng Politik am Interêt vu Lëtzebuerg ze verfollegen.

Weider Informatiounen

  • DP Nationalkongress: Riedner um Kongress #FirLëtzebuerg [méi...]
  • Impressiounen vum DP Nationalkongress [méi...]