Sie sind hier

REVIS gestëmmt: Däitlech Verbesserung vun der Ënnerstëtzung.

News Arbeit Gesellschaft Claude Lamberty Gilles Baum

En Dënschdeg gouf an der Chamber de REVIS gestëmmt. De Revenu d’inclusion sociale wäert an Zukunft den RMG ersetzen. Esou ginn d’Konditioune geschafen, fir datt déi betraffe Leit hiert Liewen nees kënne selwer meeschteren.

Den DP-Deputéierte Claude Lamberty huet a sengem Gesetzrapport betount, datt datt eng verantwortungsvoll Politik déi Betraffe fërdert an ënnerstëtzt, si mécht hinnen de Wee fräi, fir hir perséinlech Situatioun erëm esou ze verbesseren, datt si am Idealfall erëm ganz op eegene Féiss kënne stoen.

D’Schwaachstell vum RMG war seng deelweis Ongerechtegkeet. E Stot vun zwee Erwuessener, an deem eng Persoun schonn an enger Mesure dra war, gouf z.B. finanziell bestrooft, wann déi zweet Persoun an enger Mesure aktiv war. Et war kee grousst Geheimnis, datt grad Fraen hei meeschtens de Kierzere gezunn hunn. An verschidden Zeenarien huet méi schaffen och bedeit, datt déi Betraffen um Enn vum Mount manner Suen zegutt haten.  Esou ongesond Konstellatioune ginn et am REVIS neméi. Am Géigendeel: am neie System gëtt de Wëllen, fir méi Stonnen ze schaffen, elo belount.

Verschidde Leit sinn an enger éischter Phase nach net prett fir op den Aarbechtsmarché a musse fir d’éischt emol duerch gezielten an adaptéiert Mesure stabiliséiert ginn. Eréischt duerno kënnt de Schrack an berufflech Aktivatioun. Dofir sinn dann och sozial Stabilisatiounsmesurë virgesinn.

Fir dem Aarmutsrisiko entgéintzewierken, dee fir Bezéier mat Kanner an elengerzéiend Eltere besonnesch héich ass, wäerten d'Prestatiounen och méi cibléiert ginn. Dofir wäert den Deel fir d'Kand beim REVIS eropgesat ginn. De Basismontant pro Kand läit da bei 217,71€. Bei Monoparentauxë sinn et 282,71€. An da kënnt nach eng Majoratioun vu 15% op de Gemeinschaftskäschte vum Stot dobäi.

Den Ost-Deputéierte Gilles Baum huet ofschléissend betount:

Déi heite Majoritéit an der Chamber an déi heite Regierung hu vun Ufank vun dëser Legislatur un 3 Objektiver gehat: 1. Familljefrëndlechkeet duerch eng ausgepräägte Sozialpolitik. 2. Mat der Steierreform ass méi Steiergerechtegkeet agefouert ginn. 3. Mir hunn haut e Gesetz gestëmmt, dat et de Léit erméiglecht méi ze verdéngen, an dat nennt ee Leeschtungsgerechtegkeet.




Claude Lamberty

Gilles Baum