Sie sind hier

Premier Xavier Bettel zitt positive Bilan

News Lag vun der Natioun Xavier Bettel

An senger Ried zur Lag vun der Natioun huet de Premier Xavier Bettel de Mënsch an de Mëttelpunkt gesat:

Lëtzebuerg geet et gutt, wann et de Mënschen zu Lëtzebuerg gutt geet.

De Premier weist sech zefridde mat der Entwécklung vum Land, mä et gëllt konsequent weiderzeschaffe fir d’Erausfuerderunge vum Land unzegoen.

Dozou gehéiert eng qualitativ an accessibel Kannerbetreiung. Fir den neie Qualitéitsuspréch gerecht ze ginn, ginn iwwer 350 nei Poste fir Educateuren an Enseignantë geschaf. Doniewent wäert d’gratis Kannerbetreiung d’Famillje finanziell entlaaschten. Esou kann eng Famill mat zwee Kanner an der Crèche vun der Rentrée u mat tëscht 3.000 a 5.000 € pro Joer entlaascht ginn. E weidere wichtege Punkt deen déi Jonk concernéiert, ass d’Formatioun am digitale Beräich. „Mir mussen déi Jonk op Beruffer virbereeden, déi et haut zum Deel nach guer net gëtt“, erkläert de Premier. Dofir wäerten nei digital Utille wéi Tablets a verschiddene Klassen agesat ginn. Och déi nei Sektioun I, déi ab der Rentrée e verschiddene Lycéeë starte wäert ass dee richtege Wee fir datt déi Jonk méi fréi mat der digitaler Welt a Kontakt kommen.

 

 

Datt d’Liewensqualitéit vun de Leit déi hei am Land schaffe wichteg ass, beweist d’Regierung och mat gréisseren Investissementer an der Mobilitéit. Esou entsti momentan nei Garen am Pafendall an um Houwald, d’Autobunne ginn ausgebaut, an et ginn nei Park&Rides, haaptsächlech laanscht Grenzen, gebaut. Och am Logement, wou d’Zuel vun de soziale Wunnengsprojeten déi och reell gebaut gi sinn sech z.B. an de leschten zwee Joer verdräifacht huet, gëtt investéiert. Eng weider Mesure ass d’Erschafe vun dezentrale „Co-Working“-Strukturen uechtert d’Land. Doniewent soll och den Télétravail weider gefërdert ginn.

D’Regierung wëll deene Leit, déi am Benevolat täteg sinn entgéint kommen. Eng éischt Mesure wäert e gratis Accès op den ëffentlechem Transport uechtert d’Land sinn. Mam neie REVIS, dem „Revenu d’Inclusioun Sociale”, geet d’Regierung e Schratt weider am Kampf géint d’sozial Exklusioun.

„Et soll an et dierf keen aus der Gesellschaft ausgeschloss ginn, well en an enger méi schwiereger Situatioun am Liewen ass.“

Mat dëse Verbesserunge vum Sozialsystem wëll een z.B. konsequent géint d’Kanneraarmut ervirgoen a jidderengem, mä och besonnesch de Fraen hëllefen aus enger Ofhängegkeetssituatioun laangfristeg eraus ze kommen. 

Zum Schluss vun dëser wichteger Ried huet de Premier d’Situatioun an Europa ugeschwat. De Brexit an de steigende Populismus hu bewisen, datt ee weider fir d’Wäerter vun der Demokratie a fir den Europäeschen Zesummenhalt kämpfe muss.

 

view video on chd.lu


Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Xavier Bettel

 


Xavier Bettel