Sie sind hier
Gusty Graas als neie Vizepresident gewielt
Den DP-Deputéierte Gusty Graas ass haut als ee vun de Vizepresidente vun der parlamentarescher Assemblée vum Europarot gewielt ginn.
D’Mandat vum Member vun der aussepolitescher Kommissioun vun der Chamber gëllt fir 1 Joer.
An der parlamentarescher Versammlung vum Europaconseil si Parlamentarier aus 47 Länner vertrueden. Lëtzebuerg huet 3 Delegéierter: De Gusty Graas, d’Josée Lorsché an de Claude Wiseler.
D’Texter, déi vum dësem europäesche Gremium ugeholl ginn, gëlle gemenkerhand als Orientéierung fir d’Ministerréit vum Europarot a fir déi national Regierungen a Parlamenter vun der EU.
„Dëst Mandat ass fir mech eng grouss Éier, fir mech kënne verstäerkt fir Wäerter wéi Toleranz a Mënscherechter anzesetzen“, esou den neie Vizepresident.
De Gusty Graas ass zanter 6 Joer Member vun der parlamentarescher Versammlung vum Europarot an den Ament och Vizepresident vum Benelux-Parlament.