Sie sind hier

Den Text vun der Steierreform kann an d'Prozedur

News Finanzen Joëlle Elvinger Eugène Berger Pierre Gramegna

De Ministerrot huet dës Woch de Gesetzestext zur Steierreform guttgeheescht esou dass d'Parlament sech elo geschwënn mat den Detailer beschäftege kann.

Eng iwwerluechte Steierreform, déi eist Land stäerkt

De Finanzminister Pierre Gramegna weist sech zefridden: „Mir setzen elo e wichtege Punkt vun eisem Koalitiounsaccord ëm, a wäerten domadder d'Kafkraaft vun de Stéit däitlech stäerken. Dat awer ouni de Budget ze vill ze belaaschten, also och ouni dass mer d'Zukunftschancë vun eise Kanner op d'Spill setze géifen.

Méi Kafkraaft fir jonk Familljen

DP-Deputéiert a Rapportrice vum Gesetzestext Joëlle Elvinger weist besonnesch drop hin, dass et sech hei em eng Upassung vun der Steierlandschaft handelt, séi Sënn mécht: „Besonnesch fir jonk Familljen ass et am Moment net einfach hiert eegent d'Liewen op d'Been ze stellen: am Aarbechtsmaart Fouss faassen, en Eegenheem plangen, villäicht u Kanner denken...ech si frou, dass mer duerch dës Steierreform, déi och bei den Abattement'en usetzt, genau dëse Léit entgéint kommen.

Eng sozial selektiv Approche

De Fraktiounspresident Eugène Berger fir säin Deel geet nach eng Kéier op déi sozial Selektivitéit vun der Steierreform an: „Duerch Upassung vum Barème a vun de Steierkrediter wäert besonnesch deene Léit gehollef ginn, déi et net einfach hunn, d'Enner zum Schluss vum Mount beieneen ze kréien. Et ass wichteg, dass och dës Léit e bëssi méi am Portemonni hunn fir iwwert d'Ronnen ze kommen.

Elo wäert de Gesetzestext an der zoustänneger Finanz- a Budgetskommissioun analyséiert ginn, esou dass d'Upassungen dann ab dem 1. Januar 2017 a Kraaft triede kënnen.

 


Pierre Gramegna

Joëlle Elvinger

Eugène Berger