Sie sind hier

De Staat investéiert vill Suen an d’Stabilitéit vun eiser Ekonomie

News Ausnahmezustand Finanzen Staat und Öffentlicher Dienst Guy Arendt André Bauler Pierre Gramegna

An de leschte Wochen huet d’Chamber eng Rei Gesetzesprojete fir d’Stabiliséierung vun der Ekonomie gestëmmt. De Pierre Gramegna huet nach weider Texter op den Instanzewee bruecht.

„Garantiegesetz“

Den 18. Abrëll ass de Gesetzesprojet 7545 vum Rapporteur André Bauler an der Plenière presentéiert a gestëmmt ginn. Dëst Gesetz gesäit staatlech Garantië fir Betriber vir, déi duerch d’COVID-19-Kris a Schwieregkeete gerode sinn. D‘Garantië betreffe Prêten, déi tëscht dem 18. Mäerz an dem 31. Dezember 2020 accordéiert ginn an eng maximal Lafzäit vu sechs Joer hunn. De Staat wäert fir 85% vum Risiko vun dëse Kreditter biergen an dat bis zu enger cumuléierter Limitt vun 2,5 Milliarden Euro.

Staatsemprunt

Mam „Garantiegesetz“ krut de Staat och d’Autorisatioun fir 3 Milliarden Euro ze léinen an esou d’Stabilisatiounsmesure vun der Regierung finanziell ofzesécheren.

An dësen Zäite kënnt dem Land zegutt, datt de Finanzminister Pierre Gramegna déi lescht Jore fir gesond Staatsfinanze gesuergt huet – an dat trotz Rekordinvestissmenter.

Den 21. Abrëll huet de Staat en Emprunt aus 2 Tranchen an Héicht vun 2,5 Milliarden Euro op de Marché bruecht, dat bei engem negativen Duerchschnëtts-Taux vun 0,035%. De Staat verdéngt also Suen mat dësem Emprunt.

Delaien

D’Regierung huet weider Reporte vun Delaien op den Instanzewee geschéckt. Si ergänzen d’Mesurë vum 17. Mäerz, déi schonn zum groussen Deel ëmgesat gi sinn: z.B. am Zesummenhang mat den direkten an indirekte Steieren a mat de Soziallaaschte fir Entreprisen.

An der Finanz- a Budgetskommissioun vum 27. Abrëll sinn d’Kommissiounsrapporte vum DP-Deputéierte Guy Arendt zu de Gesetzesprojete 7540 an 7555 ugeholl ginn.

Déi Projeten erméiglechen ë.a. Privatleit an Entreprise méi Sputt fir hier Demarchen a fir verschidde legal Obligatiounen.

De Gesetzesprojet 7555 gesäit vir, datt den Delai fir d‘Steiererklärung vu Privatpersounen a vun Entreprisen ëm 3 Méint verlängert gëtt – also op den 30. Juni 2020.

Och den Delai fir de Choix vun der kollektiver a vun der individueller Besteierung vu Conjointe gëtt op den 30. Juni 2020 verlängert.


➡️ Weider Informatioune fannt dir op https://coronavirus.gouvernement.lu/lb.html


Pierre Gramegna

Guy Arendt

André Bauler