Sie sind hier

Jonker a Schoul: geet d'Rechnung nach op?

News Tribune libre Gesellschaft Claude Schommer

D’Jonk Demokraten hunn et faerdeg bruecht, sech mat aktuellen Themen auserneen ze setzen, kritesch Positiounen ze huelen a konkret Virschléi op den Dësch ze leen. Domatt si mir e puer vun eisen jonken, awer och eelere Kollegen aus verschiddenen aanere Parteien wäit viraus. Ech denken hei virun allem un déi Partei, déi selwer vu sech behapt, nach net an der Oppositioun ukomm ze sinn, a gläichzäiteg mengt schon erëm aus der Oppositioun eraus kommen ze mussen.

Mir ass et wichteg, datt d’JDL iwwerrall do eng Stëmm huet wou Jonker concernéiert sinn. Als Equipe waerte mir eis weiderhinn dofir asetzen Jonker ze mobiliséieren sech z’engagéieren an hinnen nees Freed un der Politik ze ginn. All Entscheedung déi haut geholl gett, waert Repercussiounen op déi nächst Generatiounen hunn, dofir ass et emsou méi wichteg, datt mir eis haut aktiv mat verschidden Dossieren befaassen a matschwätzen kennen, sou zum Beispill wat d’Educatioun ugeet : wei gesäit et mat eisem Schoulsystem aus ? Et besteet nach ëmmer eng grouss Inégalitéit  wat d’Erreechen vun engem schouleschen Ofschloss  ugeet. Iwwer 80% vun de Schüler déi hier Première machen sinn Lëtzebuerger. Et dierf net sinn, datt e Land wéi Lëtzebuerg, wat houffreg ass op seng Multiculturalitéit, et de Kanner mat Migratiounshannergrond esou schwéier mecht um schouleschen Niveau weiderzekommen. Et ass dofir ëmsou méi wichteg, datt mir dringend noutwendeg Reformen an der Educatioun, dorënner virun allem d’bilingual Kannerbetréiung, esou séier wéi meiglech ëmsetzen kann. Dës Iddi fënnt op alle Fall déi voll Ënnerstëtzung vun der JDL Esou begréisse mir och d’Aféieren vun der neier international school zu Déifferdéng. Eng Schoul, déi zwou Filiairen proposéiert : eng franséichsprocheg an eng engleschsprocheg. Dës nei Form vu Schoul kënnt der aktueller Sprochesituatioun zu Lëtzebuerg entgéint, a wann ee wees, datt Lëtzebuerg 43% Auslänner zielt, ass et och nëmme normal, datt d’Platzen séier fort waren.

Wann e vu Schoul schwätzt, schwätzt een automatesch och vu Perspektiven. Wann een d’Aktualitéit verfollegt, kritt ee mat, datt rietsextrem Mouvementer ëmmer méi un Zousproch gewannen ; dës riets Bewegungen fannen hier Stëmmen oft bei Leit déi aus défavoriséierte Milieuen kommen, Milieuen, an deenen et schwiereg ass sech als Jonken z’entfalen a Perspektiven ze gesinn. Et ass absolut noutwänneg fir géint den Extremismus ze goen, an hei fanne mir, als jonk Demokraten, datt all Kand misst vun Ufank un mat frieme Kulturen a Kontakt kommen ; den Enseignant soll de Schüler weisen, datt et nach aner Waerter, aner Traditiounen an aner Menschen op der Welt ginn. Wat een dëst éischter mëcht, wat engem d’Angscht virum Friemen éischter geholl gëtt : mir mussen endlech verstoen, datt et méi Ähnlechkeeten tëscht all de Menschen an der Welt gëtt wéi Ennerscheeder. Dës ouverture d’esprit muss an der Schoul favoriséiert ginn ; an daer Hinsicht begréisst d’JDL  ausdrécklech deen neie Waerteunterricht deen et erlabt e Bléck op all Reliounen ze kréien an dës ze behandelen, ouni engem e Glawen opzedrängen.

D’Zil vun der Regierung hierer Bildungspolitik ass et all Kand déi selwecht Startchancen an d’Liewen ze ginn. Mat deene genannte Mesuren droe mir e grousst Stéck dozou bäi, dëst Zil z’erreechen.

 


Claude Schommer