Sie sind hier

D’Anne Brasseur hält op: „42 Joer laang aktiv an dat mat Häerz a Séil!“

News Anne Brasseur

Fir d’éischt mueres bei de Regierungs- a Fraktiounskollegen an du mëttes um Krautmaart. D’Anne Brasseur hat et bis zum Schluss selwer ënner Kontroll, wiem, wou a wéini si hire Récktrëtt géing annoncéieren.

Dobäi hunn déi obligat Remerciementë net gefeelt. Déi déngschteelste Lëtzebuerger Deputéiert huet dobäi zemol d’Frëndschaft ënnerstrach, déi si mat der Stater Éierebuergermeeschtesch Colette Flesch, mat der Buergermeeschtesch Lydie Polfer a mam Premier Xavier Bettel verbënnt. Fir si ass dat de Bewäis, datt een och an der Politik perséinlech Relatioune knäppe kann.

 „Anne, et war eng Freed mat dir zesummen ze schaffen!“, huet de Chamberpresident Mars Di Bartolomeo gesot an op déi beispillhaft parlamentaresch Carrière vun der Anne Brasseur higewisen.

 Fir de Xavier Bettel sinn „42 Joer laang d’Vertraue vum Wieler ze kréien“ net näischt. An de Premier huet mat engem weidere Kompliment ofgeschloss: „mir wäerten iech hei am Haus vermëssen“.

Och den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler huet der Anne Brasseur Merci fir hiren Asaz a fir d’Relatiounen iwwert déi politesch Divergenzen ewech Merci gesot.

D’Anne Brasseur huet déi national Politik an de leschte Joerzéngten zu Lëtzebuerg marquéiert. Si war Deputéiert vun 1979 un, mat enger Ënnerbriechung als Minister vun der Educatioun, der Beruffsausbildung a vum Sport während der CSV-DP-Koalitioun vun 1999 bis 2003.

Och an der Stad ass d’Anne Brasseur ganz laang aktiv gewiescht. 6 Joer als Conseillere a duerno 17 Joer als Member vum Schäfferot. 2009 huet si sech aus der Gemengepolitik zeréck gezunn.

Op internationalem Niveau war d’Anne Brasseur ë.a. Presidentin vun der parlamentarescher Assemblée vum Europarot, wou si hiert Mandat wäert am Abrëll ofginn. Als eng Zort kréinenden Ofschloss presentéiert si déi aner Woch e kriteschen a scho vill kommentéierte Rapport iwwer d’Gestioun vun der Fifa.

Nofolger vun der Anne Brasseur an der Chamber gëtt de Bartrenger Buergermeeschter Frank Colabianchi.

 


Anne Brasseur