Sie sind hier

En neit Fleegeheem zu Déifferdeng

News Gesundheit und Pflege Max Hahn

No laange Joren ass et endlech esou wäit: De Gesetzprojet fir en neit Fleegeheem zu Déifferdeng ass vun der Chamber ugeholl ginn. Den DP-Deputéierten a Rapporter Max Hahn huet begréisst, dass déi Leit, déi schliisslech de Räichtum vun eisem Land mat erschaf hunn, hei elo am Alter adequat versuergt ginn.

Dat aktuellt Gebai zu Déifferdeng, dat op e Klouschter aus dem Mëttelalter zréckgeet, entsprécht net den Ufuerderunge vun engem modernen Fleegeheem. Vun der Zëmmergréisst, iwwer déi sanitär Ariichtungen bis bei d’Trapenhaus an d’Gäng entsprécht d‘Maison de soins um Thillebierg net méi den aktuellen Standarten. Besonnesch wann ee bedenkt, dass d’Leit ëmmer méi spéit am Alter dohinner kommen. A well si dann och méi fleegebedürfteg sinn, ass et wichteg, datt d’Heemer och dementspriechend equipéiert sinn .

Am neie Fleegeheem ass Plaz fir 200 Better, dat sinn der eng ronn honnert méi, wéi am alen Heem. Et ginn 100 bis 150 nei Aarbechtsplaze geschaf. D’Zëmmeren hunn alleguerten eng eegen Toilette an Dusch, a si sinn och d’office fir Leit am Rollstull adaptéiert. Déi eenzel Stäck sinn donieft esou organiséiert, dass d’Residenten alles um Stack hunn an net wäit musse lafen. Op all Niveau si Gemeinschaftsraim virgesinn, wou d’Iessen zerwéiert gëtt an Aktivitéiten organiséiert ginn.

De Käschtepunkt wäert sech op ronn 62,5 Mio. Euro belafen. Dëse Montant gëtt integral vum Familljeministère bezuelt. D’Aarbechte sollen esou séier wéi méiglech ufänken. D’Gebai soll fir d’Joer 2022 fäerdeg ginn.


Max Hahn