Sie sind hier

Mat Häerz a Séil, fir eis Gemengen

News Tribune libre Gesellschaft Marc Ruppert

Dëse Sonndeg huet d’Demokratesch Partei hire Kongress am Tramsschapp um Lampertsbierg viru méi wéi 350 Memberen ofgehalen. Ee Kongress, deen d’Gemengewahle vum 8. Oktober an de Mëttelpunkt gestallt huet, dat Ganzt knapp 140 Deeg virun dësem wichtege politesche RDV mam Wieler. D’Parteie sinn deemno fläisseg um Schaffen, dat souwuel wat d’Kandidatelëschten ugeet, wei och de Gemengewahlprogramm. Ee Spréchwuert seet: Wien ophält besser ze ginn, huet längst opgehale gutt ze sinn. All Dag säi Bescht ze ginn ass alles anescht wei einfach oder selbstverständlech. Et ass awer den Usproch mat deem ons Kandidaten untrieden. Si alleguerte wëllen sech mat Häerz a Séil, fir hir Gemengen asetzen.

D’DP kann dobäi op d’Erfarung vu 16 Buergermeeschter an 181 Memberen an de Gemengeréit zielen. Dass si all scho vill Jore mat Häerz a Séil Politik an de Gemenge maache steet ausser Fro.

Ee Beispill vu villen ass do d’Gemeng Bartreng bei där d’Spréchwuert: vum Deelen huet ee méi, wéi d’Fauscht op d’A passt. Et ass eng Gemeng déi d’Wuert „Space“ salonsfäeg gemaach huet laang éier anerer an de Weltall fléie wollten. Den DP Buergermeeschter Frank Collabianchi gouf laang Zäit fir säi Projet belächelt, haut gëtt d’Konzept vu villen anere Gemenge „geshared“. Vill vun iech, léif Nolauschterer, hunn bestëmmt scho vum Projet héieren: de shared Space. D’Konzept ass esou einfach wéi genial: Tempo 20 am Duerfkär, keng rout Luuchten, keng Markéierungen op der Strooss, dofir ee respektvolle Mateneen am Stroosseverkéier an ee plus un Liewensqualitéit fir d’Bierger. Dir sidd skeptesch? Abee, de Projet huet dozou gefouert, dass den Duerfkär souwuel méi secher wéi och méi roueg ginn ass. Eng innovativ Idee deemno an eng couragéis Ëmsetzung! Dëse Projet steet wéi vill anerer fir eng DP Politik, déi sech traut an déi d’Liewensqualitéit vun de Bierger an de Gemengen an de Mëttelpunkt setzt.

Eppes ass nämlech méi wéi kloer: Wien seng Gemeng well virubréngen, dee muss seng Gemeng och am Häerz droen. Ëmsou méi wichteg ass et, kënnen op Kandidaten ze zielen déi sech mat de Gemenge verbonne fillen, déi do liewen, do schaffen, do Famill a Frënn hunn, sech interesséieren an sech asetze fir hir Noperen, hir Bekannten, hir Léifst, fir hir Matbierger. Ons Kandidate sinn haut scho mat Häerz a Séil dobäi. An si wëllen des Leidenschaft weider liewen, an se asetze fir d’Wuel vun de Gemengen.

Mat Häerz a Séil beschreift awer net nëmmen d’Dynamik an d’Leidenschaft vun onse Kandidaten, mee och den DP Wahlprogramm. Mir wëssen, dass nach vill Erausfuerderungen an deene verschiddene Gemenge waarden, a wou et nach gëllt unzepake fir d’Liewensqualitéit vu jidderengem Eenzelen ze verbesseren. Dozou zielt zum Beispill d’Mobilitéit. Wuel kënnen d’Gemengen de Mobilitéitsproblem net eleng léisen, mir wëllen a mussen awer doru schaffe fir an de Gemengen eng besser Mobilitéitsoffer ze kréien, genausou wéi eng besser Vernetzung ënnert de Gemengen an een Ausbau vun der „mobilité douce“. Nieft der Mobilitéit, wëlle mir och verstäerkt op kannerfrëndlech a familljefrëndlech Gemenge setzen. D’DP huet an hirem nationale Gemengenwahlprogramm net manner wei 30 Punkten, déi dëse Volet behandelen, dat fir ze ënnersträichen, dass sech des Partei op Landesniveau wéi och op Gemengenniveau fir Familljen, fir Jonk an Aal asetzt. Dës a vill aner Themen, déi de Leit um Häerz leien, wéi z.B. d’Ëmwelt, d’Wunnen oder d’Sécherheet an de Gemenge wëlle mir upaken an dat ganz nom Motto:

Mat Häerz a Séil. Fir Lëtzebuerg, fir ons Gemengen.

 


Marc Ruppert

AnhangGröße
Audio Icon Tribune Politique DP RUPPERT.MP36.09 MB