Sie sind hier

Wat fir e Wuesstem fir Lëtzebuerg?

News Klimaschutz und Energie Landesplanung und Wohnen Landwirtschaft und Weinbau Mobilität und Verkehr Wirtschaft André Bauler Gusty Graas

Dësen Donneschdeg gouf an der Chamber iwwert de Rifkin-Rapport debattéiert. Den Deputéierten André Bauler huet der Demokratescher Partei hir Vue op den zukünftege Wuesstem zu Lëtzebuerg virgestallt an de Gusty Graas ass op d’Repercussioune vun dësem Wuesstem op eis Landwirtschaft agaangen.

Kollektiven Effort fir e bessere Wuesstem

«Et goufen sech nach ni sou vill konkret Gedanken iwwer eis Zukunft gemaach wéi an de leschte Méint an ech hunn och d’Gefill, datt et nach ni sou vill Plattforme gouf, wou de Bierger an och d’Forces Vives vun eiser Natioun opgefuerdert goufen, fir sech an eis Zukunft eran ze versetzen», esou den André Bauler. «Elo besteet d’Erausfuerderung doranner, aus all deene gudden Iddien, konkret Léisungen ze fannen an dës dann ëmzesetzen.»

D’Digitalisatioun waart net op eis

Den Digitalisatiounsprozess offréiert nei Méiglechkeeten a Potenzialer. « Dës musse mer notzen. Mir mussen eis veränneren, ob mer wëllen oder net. An d’Politik huet als Aufgab dëse Prozess ze begleeden, z.B. op infrastrukturellem oder gesetzlechem Plang. Keen heibanne plädéiert fir e reng quantitative Wuesstem, eng blann Entwécklung ouni Récksiicht op Verloschter. D’Demokratesch Partei steet fir en intelligente Wuesstem, deen de Mënsch an d’Innovatioun an de Mëttelpunkt stellt! » ennersträicht den André Bauler.

Wuesstemsdebatt ass och eng Standuertdebatt

«Liewensqualitéit ass ee Standuertfacteur fir eist Land», sou den Deputéierten. Dofir muss Lëtzebuerg seng wirtschaftlech a gesellschaftlech Attraktivitéit behalen: dozou gehéiert och d’Wuelbefanne vun de Mënschen. Fir den André Bauler muss an Zukunft an de Mënsch investéiert ginn: a seng Bildung, a seng Weiderbildung, a Wunnraum, deen ze bezuelen ass an awer en dauerhafte Charakter huet. Investéiere sollt een och an eng intelligent Mobilitéit, a Fuerschung a Gesondheet, an de Schutz vun eiser Natur an an déi kulturell Bildung a Kreativitéit.

100% Bio ass eng Visioun, mä net realisabel

Den DP-Deputéierte Gusty Graas ass op d’Auswierkunge vun der digitaler Evolutioun op eis Landwirtschaft agaangen an huet sech Gedanke gemaach wéi d'Lëtzebuerger Landwirtschaft vu muer soll ausgesinn. Hie sot ënner anerem: «100% Biolandwirtschaft ass eng vun de Visioune vum Jeremy Rifkin. Och wann ech mer wënschen, datt den Undeel vun der Biolandwirtschaft, dee momentan nach ënner 4% läit, zu Lëtzebuerg nach klëmmt, sou muss een awer realistesch bleiwen. Zu Lëtzebuerg an op der Welt gëllt et an Zukunft mat manner méi Mënschen ze ernären, an dat ass mat 100% Biolandwirtschaft kaum machbar. An d'Konsumente mussen och bereet si fir bio, awer och fir regional Produiten e bëssi méi ze bezuelen.»

 

 


André Bauler

Gusty Graas