Sie sind hier

Keng Zäit fir Parteipolitik!

News Ausnahmezustand Gesellschaft Justiz und Sicherheit Verfassung, Institutionen und Demokratie Xavier Bettel

Den 18. Mäerz huet d’Regierung iwwert e groussherzoglecht Reglement den Ausnamezoustand fir 10 Deeg dekretéiert, esou wéi den Artikel 32 (4) vun der Constitutioun dat virgesäit. D’Viraussetzungen dofir kënnen eng international Krise oder eng Menace fir d‘Bierger vum Land sinn.

D’Ursaach an dësem Fall huet en Numm: Coronavirus!

3 Deeg nom Ausruffe vum Krisenzoustand ass dunn e Gesetzprojet eestëmmeg (mat 56 Stëmmen) um Krautmaart ugeholl ginn, duerch deen den Etat de Crise fir 3 Méint verlängert ginn ass. Um Enn vun dëser Period wäert d’Situatioun vum Land dann analyséiert ginn. Den Noutstandsartikel ass eng juristesch Basis fir déi dréngend Mesuren, déi d’Regierung an dëser Zäit huele muss.

Hien erlabt et der Regierung, fir Schrëtt géint de Coronavirus ze decidéieren ouni mussen d‘Zoustëmmung vum Parlament ze froen.

Wärend dem Etat de Crise kann d’Regierung Reglementer decidéieren, déi um Niveau vu Gesetzer stinn an net onbedéngt mussen am Aklang mat soss Gesetzer sinn. Et ass evident, datt d’Regierung doduercher méi séier agéiere kann, fir Antikrise-Mesuren ze decidéieren: z.B. d’Aschränkung vum Recht fir sech fräi ze beweegen.

De Premier Xavier Bettel huet déi grouss politesch Ënnerstëtzung bei der Debatt vum Parlament begréisst: „An Zäite wéi dëse gëtt et keng Majoritéits- a keng Oppositiounsparteien. Et gëtt just den nationalen Zesummenhalt“. Déi Meenung huet och de Gilles Baum gedeelt. A Krisenzäite géing et keng Plaz fir Parteipolitik, esou den DP-Fraktiounschef.

Hei am Land ass den Ausnamezoustand eng éischte Kéier 1915, e puer Méint no der Invasioun duerch d‘däitsch Truppen, decidéiert ginn. D’Gesetz soll schliisslech bis Mëtt der 30er Jore gülteg bleiwen a gouf dono – en vue vum Zweete Weltkrich – ëmgeännert. No der Liberatioun gouf et dunn dat sougenannte Vollmuechtgesetz, dat all Joer bis d’Enn vum 20. Joerhonnert verlängert ginn ass, och wann et just nach seelen applizéiert gouf. 2004 ass de Krisenzoustand dunn adaptéiert an an d’Verfassung opgeholl ginn. Ë.a. an den Artikel 32(4), deen 2017 nach eemol wéinst den Terrorattacken ugepasst ginn ass.


➡️Weider Informatioune fannt dir op https://coronavirus.gouvernement.lu/lb.html