Sie sind hier

Däitlech Verbesserung vun den Aarbechtskonditioune fir Chargéen an der Schoul

News Bildung Claude Lamberty

D'Chargéen am Enseignement sinn längst keng Noutléisung méi, ma feste Bestanddeel vum Personal an eise Schoulen. Alleng d'Unzuel vun 1000 Chargéen, déi dagdeeglech an eise Schoule schaffen, schwätzen eng kloer Sprooch. Eng anstänneg Schoulorganisatioun ouni Chargéen ass haut guer net méi denkbar. Ëmsou méi e Gronn fir hir Aarbechtskonditioune méi gerecht ze gestalten.

Am neie Gesetz gëtt ganz kloer de Prinzip vum Contrat à durée indéterminée fest geschriwwen. Nëmmen nach an Ausnamefäll, ewéi beispillsweis beim Ersetze vun engem Congéde maladie oder de maternité, wäert an Zukunft op befristet Kontrakter zréck gegraff ginn. Eng weider Verbesserung gëtt et bei der Tâche, déi wäert schrëttweis op 22 Wochestonnen erof gesat ginn. Doduercher wäerten eng 50 nei Chargéen agestallt ginn. E weidere wichtege Punkt ass awer och d'Schafe vun enger nationaler Reserve un Chargéen, déi vum Ministère un déi jeeweileg Gebaier kënne verdeelt ginn.

De Rapporteur Claude Lamberty huet an senger Chambersried betount, datt sécherlech nach net alles mat dem Gesetzestext gemaach ass, fir bestoend Ongerechtegkeeten am Schoulsystem auszegläichen, ma datt et en éischte wichtegen a grouss Schratt an déi richteg Richtung ass. Zum Ofschloss sot de Claude Lamberty: „Di betraffe Leit kréien e Plus un Aarbechts- a Liewensqualitéit, eng gewësse Sécherheet, fir hiert Liewen ze gestalten an de Ministère kritt e besseren Iwwerbléck, wat di gesamt Schoulorganisatioun ubelaangt.“

Weider Informatiounen

Ried vum Rapporter Claude Lamberty [méi...]

 

Claude Lamberty