Sie sind hier

De Minister Lex Delles – vollen Asaz fir de Mëttelstand an den Tourismus

News Mittelstand Tourismus Lex Delles

De Munnerefer Lex Delles ass mat 34 Joer de jéngste Minister an der neier Regierung. Trotz sengem jonken Alter, huet hien scho munches um politesche Plang Opweises: mat 29 Joer wor hie viru Joren de jéngsten Deputé-Maire am Land. Als Gemengepapp huet hien déi lescht 5 Joer villes ugepaakt: sief et bei Projete fir méi erschwéngleche Wunnraum, dem Bau vun engem neie Schoulkomplex an och um sportlechen an um touristesche Plang: op seng Initiativ hin, huet Munneref 2017 den Depart vun enger Etapp vum Tour de France organiséiert an huet domadder d'Heemechtsgemeng vun de Gebridder Schleck op déi international Landkaart bruecht. Doriwwer eraus huet hien als Buergermeeschter de Service touristique professionaliséiert an zousätzlech Posten an deem Beräich geschaf, ënnert anerem dee vun engem Tourismusmanager. Um nationale Plang huet de Lex Delles sech speziell op d’Educatioun konzentréiert.

Als neie Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus steet elo eng nei Etapp fir de politesche Senkrechtstarter un. „Ech ginn dës Tâche mat vill Freed un, awer och mat enger gesonder Portioun Respekt. Et ass eng grouss Verantwortung, Minister an enger Regierung ze sinn“.

De Mëttelstand an den Tourismus hunn zu de Wonschressorte vum Lex Delles gehéiert. „Lokaalt Handwierk a lokale Commerce sinn eng immens Beräicherung fir eist Land, eis Gemengen an eis Gesellschaft. Mir mussen dofir de Mëttelstand weider fërderen.“ Grad déi méi kleng Betriber brauche méi Ënnerstëtzung, fir den Erausfuerderunge vun eiser Zäit, beispillsweis am Beräich vun der Digitaliséierung oder vun der Energieeffizienz, ze begéinen.

Als fréiere President vum Syndikat vun enger Aktivitéitszon am Kanton Réimech, weess den neie Minister genee, datt et fir PME'en net ëmmer evident ass, Terrainen ze fannen, fir sech kënnen z'entfalen. Hie leet dofir grousse Wäert dorobber, datt an den Aktivitéitszone genuch Plaz fir de Mëttelstand zur Verfügung gestallt gëtt.

Och am Beräich vum Tourismus gesäit de Lex Delles vill Potenzial. „Lëtzebuerg huet touristesch immens vill ze bidden, net nëmmen d'Haaptstad, och de ländleche Raum, dee predestinéiert ass fir nohaltegen Tourismus. Ech denken do zum Beispill un eis grouss Wäikultur laanscht d'Musel, den aktive Wander- a Vëlostourismus am Éislek an am Mëllerdall oder d'Erliewe vun eiser Industriegeschicht am Süde vum Land."

De frësch ernannte Minister gesäit eng vu sengen Aufgaben doranner, d'Acteure ronderëm den Tourismus hei am Land besser ze vernetzen an hinnen ze hëllefen, sech weider ze professionaliséieren, well do nach vill Loft no uewen ass. Dozou gehéiert och de kulturelle Patrimoine besser touristesch ze notzen an d'Natur an déi exzeptionell Landschaften op eng nohalteg Manéier erliefbar ze maachen. "Lëtzebuerg huet touristesch vill ze bidden, ech well dozou bäidroen, datt mir eis Kultur, eis Traditiounen an déi vill schéin Ecker vum Land méi an Evidenz setzen an och méi bekannt maachen. Net nëmmen an der Welt dobaussen, mee och bei eisen Awunner.“

Déi nächst 5 Joer huet den dynamesche Munnerefer nach vill wëlles, raschte steet dobäi net um Programm. Et dierf een also gespaant sinn.

 


Lex Delles