Sie sind hier

Pressekonferenz vum Europadeputéierte Charles Goerens

News Außenpolitik Charles Goerens

Den Europadeputéierte Charles Goerens hat gëschter eng Pressekonferenz zum Sujet Brexit. Och 6 Méint nom Jo zum Brexit vum britesche Vollek, huet Groussbritannien nach ëmmer net hiren Austrëtt aus der EU an d'Weeër geluecht. 

Bis ewell  ginn et nach guer keng Unzeechen a wéi eng Richtung d'Brite wëlle goen. Wëllen si all Brécken ofbriechen? Oder well si esou no wéi méiglech un der EU drun bleiwen, sou wéi zum Beispill d’Schwäiz oder Norwegen?

Eng Initiativ fir dëser Lethargie Enn ze setzen, ass dem Charel Goerens säin Amendement an engem Initiativbericht vum Europaparlament. Hie proposéiert doranner, datt déi britesch Bierger d’Méiglechkeet solle kréien déi europäesch Biergerschaft op fräiwëlleger Basis bäizebehalen. Selbstverständlech fir  dat  Verbonne mat administrative Käschten, déi vun de Britte missten iwwerholl ginn. Dofir kéinten d’Britten dann awer, genee esou wéi d’Norweger, Schwäizer an d’Islänner vun der fräier Zirkulatioun profitéieren.

Dësen Initiativbericht huet zwar keng legal Basis, mee kéint als Impuls fir eventuell Ännerunge vun den Traitéen dengen.

Hei déi ganz Pressekonferenz: 

 

 


Charles Goerens