Sie sind hier

Gudden Dag fir d’PMEen, fir déi Selbststänneg a fir déi liberal Beruffer

News Mittelstand Joëlle Elvinger

Moderniséierung vun den Hëllefe fir Entreprisen

D’Gesetz iwwert d’Hëllefe fir d’PMEen ass dee leschte Puzzeldeel vun enger Strategie, déi eis Ekonomie stäerken a méi kompetitiv maache soll. D’Erausfuerderungen un d’Entreprisen änneren an engem ganz schnelle Rhythmus. Dofir musse mir och garantéieren, dass d’Gesetzer sech deem Rhythmus upassen an net hannendrun hänken.

Hëllefen un d’Besoine vun eisen Entreprisen upassen

Der Demokratescher Partei ass et immens wichteg, datt et de PMEen och an Zukunft gutt geet an datt d’Politik hinnen dee Kader bitt, dee si brauche fir sech positiv ze entwéckelen. „Mir mussen och weiderhin evaluéieren, wéi sech dës Hëllefen um Terrain auswierken, ob se och bei deenen Entreprisen ukommen, déi se brauchen, ob se héich genuch sinn an ob d’Eligibiltéitscritèren de Realitéiten ugepasst sinn. Falls sech bei dëser Evaluatioun erausstelle sollt, datt dat net de Fall ass, da muss nogebessert ginn,“ esou d’Joëlle Elvinger op der Chamberstribüne.

Selbststänneg a liberal Beruffer kënnen elo och vu Betribsrente profitéieren

Weider gouf e Gesetz ugeholl, dat d’Ongerechtegkeet aus der Welt schaaft, datt déi Selbststänneg a liberal Beruffer net vun enger Betribsrent profitéiere kënnen. Dozou d’Joëlle Elvinger: „Vill Independante schaffe ganz oft wäit méi wéi déi legal Aarbechtszäiten et vun engem Salarié verlaangen, fir dann awer oft net méi oder esouguer manner um Enn vum Mount Rescht ze hunn, wéi dat an der Moyenne bei engem Salarié oder engem Staatsbeamten de Fall ass. Den zweeten an drëtte Pilier vun eisem Rentesystem a Form vu privaten Zousazrente si fir dës Leit ganz besonnesch wichteg fir der Altersaarmut virzebeugen.

Déi nämmlecht Sozialleeschtunge fir jiddereen!

D’Joëlle Elvinger huet och gefuerdert, datt déi Selbststänneg a liberal Beruffer vun de nämmlechte legale Virdeeler solle profitéiere kënnen, wéi d’Salariéen an d’Staatsbeamten: „D’Betribsrente sinn do just ee Beispill. En anert ass de Congé parental. Eng Mamm ass eng Mamm an e Papp ass e Papp a si wëllen Zäit mat hire Kanner verbréngen. Egal ob si beim Staat, am Privatsecteur oder als Selbststännege schaffen. Dofir géif ech mir och wënschen, datt mir de Pappecongé vun 10 Deeg fir d’Independanten a fir d’Professions libérales opmaache géingen“.

 


Joëlle Elvinger